Artbox vum 6. November am ReplaySerge Koch

RTL Lëtzebuerg
E Portrait vum Kënschtler Serge Koch, d'Ausstellungen "New Minett" an "Best of Posters" an de Coup de coeur.
ArtBox mam Serge Koch
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

Graveur, Fotograf, Poet – de Serge Koch ass e Kënschtler mat ville Facetten. Seng Konscht een Hommage un de Mënsch. A senge Kreatioune spigelt sech seng ganz eege Perspektiv op d‘Liewen an op d‘Welt erëm. Mir ware beim Kënschtler doheem an hunn him, ënnert anerem, beim Schaffen iwwer d‘Schëller gekuckt.

An der Konschthal zu Esch hu mir d‘Ausstellung “New Minett” vun de Kënschtler Daniel Marinangeli, Sandy Flinto a Pierrick Grobéty ënnert d‘Lupp geholl.

Donieft ware mir eis d‘Ausstellung “Best of Posters” an de Lëtzebuerg City Museum ukucken.

Zum Schluss presentéiere mer iech de Coup de Coeur vun eiser Kultur-Redaktioun.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO