
Am Kader vun der Ouverture e Freideg de 16. Juni um 19 Auer wäert och de legendäre Skater a Museker Claus Grabke, mat sengem Fils, dem Sänger a Gitarrist vun “The Picturebooks” Fynn Grabke present sinn an Interesséierten an engem Q&A Ried an Äntwert stoen.
No der offizieller Erëffnung vum Vernissage um 20 Auer steet um 21 Auer e Concert vun “The Picturebooks” um Programm.
