E Freideg am VirverkafSnow Patrol spillen de 7. Juli virun der Luxexpo

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Luxexpo Open Air annoncéiert den Atelier e weidere Kënschtler, deen am Summer wäert zu Lëtzebuerg spillen.
© Atelier

Heibäi handelt et sech ëm déi weltbekannte brittesch Rock- a Pop-Band “Snow Patrol”. Si wäerten e Sonndeg de 7. Juli am Kader vum Luxexpo Open Air um Kierchbierg optrieden. D’Tickete fir dëse Concert ginn e Freideg 2. Februar um 10 Auer an de Virverkaf.

Ticketen ginn et hei!


Maacht mat a gewannt Är Koppel Ticketen

RTL.lu gëtt Iech d’Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert “Snow Patrol” an Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.

Vill Gléck!

Back to Top
CIM LOGO