¡De pelicula! Spuenesche Filmfestival zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De spuenesche Filmfestival zu Lëtzebuerg huet Traditioun. Dëst Joer ass et schonn déi 23st Editioun, déi dës Kéier allerdéngs an zwee gespléckt gouf.

No engem éischten Deel am Mäerz steet elo vum 16. bis den 18. Abrëll deen zweeten Deel um Programm. Sechs Filmer stinn op der Affiche, fënnef dovunner aus Spuenien, an een aus Argentinien. Domat bleift den Organisateur, de spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado, senger Linn trei, fir och Filmer aus Latäinamerika an d’Programmatioun mat opzehuelen.

Link op de Site vum Circulo Antonio MachadoLink op de Site vu KinepolisHei en Iwwerbléck iwwer d’Filmer:

“As bestas” vum Rodrigo Sorogoyen ass dee Film mat dem den zweeten Deel vum Festival de 16. Abrëll ufänkt, an och den 28. Abrëll cloturéiert gëtt. Déi präisgekréinte franséisch-spuenesch Co-Produktioun erzielt d’Geschicht vun enger franséischer Koppel, dem Antoine an dem Olga, déi sech an engem klengen Duerf a Galizien néierloossen. Si féieren e rouegt Liewen am Kontakt mat der Natur. En Nopeschsträit féiert dann awer dozou, dass Spannungen entstinn, déi ausser Kontroll geroden.

“As bestas” vum Rodrigo Sorogoyen leeft e Sonndeg 16. Abrëll um 18h00 an e Freideg 28. Abrëll um 20h00 am Utopia

«Mantícora» vum Carlos Vermut war och an e puer Kategorien fir de renomméierte spuenesche Filmpräis Goya nominéiert, anescht wéi “As bestas” deen bei de Goyaen regelrecht ofgeraumt huet, konnt en awer kee Präis gewannen.
De Julián erschaaft Monsteren: hien ass Videospill-Designer. Mä hie gëtt vun engem ganz eegene Monster geplot, engem däischtere Geheimnis dat hie mat sech erëmdréit. Wéi hien dem Diana begéint, hofft hien, endlech säi Gléck ze fannen.

«Mantícora» vum Carlos Vermut leeft den 19. Abrëll um 20h00 am Utopia. Am Virprogramm gëtt de Kuerzfilm “Kellys”, vum Javier Fesser gewisen.

«No mires a los ojos» vum Félix Viscarret, erzielt d’Geschicht vum Damián, deen no 20 Jer an derselwechter Firma seng Aarbecht verléiert. Hie verstoppt sech virun der Welt an engem Schaf den op e Plënnercamion geluede gëtt...an op enger anerer Plaz nees ofgeluede gëtt.

Dës spuenesch-belsch Coproduktioun gëtt den Donneschdeg 20. Abrëll um 20h00 am Utopia gewisen. Am Virprogramm leeft de Kuerzfilm “Su rider” vum Alberto Utrera.

An «Cinco lobitos», vum Alauda Ruiz de Azúa, geet et ëm d’Amaia, dat grad eréischt Mamm ginn ass, a mat senger neier Roll nach net esou richteg eens gëtt. Wéi säi Partner e puer Woche laang fir seng Aarbecht ënnerwee ass, fiert d’Amaia bei seng Elteren an en Duerf am Baskeland. Woumat hat net gerechent haat: och wann hat elo Mamm ass, bleift et fir seng Elteren ëmmer nach d’Duechter. Den Filmdébut vun der Regisseurin an Dréibuchautorin Alauda Ruiz de Azúa gouf 2022 op der Berlinale fir d’éischt gewisen.

E leeft e Freideg 21. Abrëll um 19h00 an en Donneschdeg 27. Abrëll um 20h00 am Utopia. De Kuerzfilm deen am Virprogramm gewise gëtt, ass och vun der Alauda Ruiz de Azúa, an dréit den Titel “No me da la vida”.

«El ciudadano ilustre», vum Gastón Duprat a vum Mariano Cohn, ass schonn 2016 erauskomm. Den Daniel Mantovani ass e (fiktiven) argentineschen Nobelpräis-Laureat dee scho jorzengtelaang zu Barcelona lieft. Obwuel seng Romaner dacks a sengem argentineschen Heemechtsduerf spillen, war hie scho méi wéi 40 Joer laang net méi do. Enges Dages kritt hien e Bréif mat enger Invitatioun: hie soll a séngem Duerf geéiert ginn, an decidéiert fir sech op de Wee ze maachen.

Deen eenzege latäinamerikanesche Film an dëser Selektioun leeft e Méindeg 24. Abrëll um 20h00 am Utopia. Am Virprogramm ass et de Kuerzfilm “Malas noticias”, vum Santiago Cardelús a vum Pablo Manchado.

«Labordeta, un hombre sin más» ass en Documentaire iwwer de José Antonio Labordeta, de Schrëftsteller, Poet, Essayist, Politiker a Singer-Songwriter, deen 2010 verstuerwen ass. De Film, dee mat engem Goya fir de beschten Documentaire ausgezeechent gouf, weist eng méi privat Säit vun dësem a Spuenien ganz bekannte Personnage.

E gëtt en Dënschdeg 25. Abrëll um 20h00 am Utopia gewisen, am Virprogramm leeft de Kuerzfilm “Cristiano”, vum Adán Pichardo.

De spuenesche Fimfestival gëtt vum spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado organiséiert, mat der Ënnerstëtzung vun der spuenescher Ambassade.

¡Os esperamos!

Back to Top
CIM LOGO