Knapp 50,17 % echt SchankenT-Rex-Skelett "Trinity" fir méi wéi 5 Millioune Schwäizer Frang versteet

RTL Lëtzebuerg
De ronn 67 Millioune Joer alen Dinosaurier koum fir 5,5 Millioune Schwäizer Frang ënnert den Hummer. Den Interessi hat sech allerdéngs Grenze gehalen.
© AFP/Archiv/ARND WIEGMANN

Am Zürecher Auktiounshaus Koller gouf en Dënschdeg déi éischt Kéiert e komplett T-Rex-Skelett versteet. Gerechent gouf mat engem Erléis vu sechs bis aacht Millioune Schwäizer Frang, ma um Enn huet e private Sammler aus Europa den 11,60 Meter laangen an 3,90 Meter héijen Tyrannosaurus rex mam Numm “Trinity” gesteet. Verkeefer war eng anonym Persoun aus den USA.

Den Interessi um Skelett war allerdéngs méi geréng ausgefall, wéi d’Auktiounshaus et sech erwaart hat. Am Ganzen hate sech just fënnef Interessente virop registréiert an d’Stee huet nëmmen e puer Minutte gedauert.

Den T-Rex “Trinity” gehéiert zu ronn dräi Dose vu senger Aart, déi bis ewell ausgegruewe goufen. Ma déi 293 Schanke kommen net vun nëmmen engem Dinosaurier, mä vun dräi ënnerschiddlechen Exemplairen, déi tëscht 2008 an 2013 an den US-Bundesstaate Montana a Wyoming ausgegruewe goufen. Trotzdeem hu vill Schanken, déi gefeelt hunn, misste mat Plastik nogebilt ginn. Esou sinn nëmme knapp 50,17 Prozent vun de Schanken echt.

An de leschte Jore goufen Dosende Milliounen Dollar mam Verkaf vun Dinosaurier-Skeletter ageholl. Experte kritiséieren den Handel mat de Schanken. Engersäits ginn d’Skeletter der Fuerschung verluer, well se an de Privatbesëtz geroden. Anerersäits wier et dem Paleontolog Thomas Holtz vun der University Maryland no “täuschend” an “onubruecht”, e puer richteg Schanke vu verschidden Exemplairen zu engem Skelett ze kombinéieren. Dat wier manner en Dinosaurier-Skelett wéi eng “Konschtinstallatioun”.

© AFP/Fabrice COFFRINI

Back to Top
CIM LOGO