
Seng surrealistesch Animatiounen, Kuerzfilmer a Filmer sinn, och wann se ënnert de Kenner vum Kino Kultstatus erreecht hunn, dem Grand-Public éischter onbekannt. De Jan Švankmajer huet an de leschte Joerzéngten virun allem wéinst senger Stop-Motion-Technik a sengem Talent fir surreal, alpdramhaft an awer och witzeg Filmer vill vu sech schwätze gedoen.
Wierker wéi Alice aus dem Joer 1988, Faust aus dem Joer 1994 oder seng grouss Unzuel u Kuerzfilmer wéi Jabberwocky oder Food weise ganz kloer, wou d’Rees mam tschechesche Surrealist hi geet.
Ongemittlech Téin, onnatierlech Beweegungen, d’Kombinatioun aus organeschem an net-organeschem Material... Seng Filmer sinn definitiv anescht, héich surrealistesch, deels nihilistesch, eenzegaarteg a praktesch onverkennbar.
Wéi gutt kenns du dech mam Jan Švankmajer a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten.
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: De Gaspar Noé a säi “Cinéma du corps”
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: David Cronenberg - De Mann fir d’Schock-Momenter
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Dem Yorgos Lanthimos seng Welt vu Léift a Leed
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Nazi-Kontroversen an Dogma 95 mam Lars von Trier
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Alejandro Jodorowsky: Surrealismus, Anarchie a Provokatioun
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren - Julia Ducournau: De Kierper-Kino am Horror-Kostüm