Den Ensemble Vocal du Luxembourg, kuerz EVL, gouf 1991 vum Pierre Cao gegrënnt, deen d’lescht Joer fir säi Liewenswierk mam éischte Lëtzebuerger Musekspräis ausgezeechent gouf. Zanter der Grënnung huet den 28-käppegen Ensemble net nëmmen an der Groussregioun u Popularitéit gewonnen, mä och iwwer 200 Concerte ginn. Hiren neiste Projet heescht “Tales from the Earth and the Sea” a gouf de 27.Oktober fir d’éischt Kéier am Mierscher Kulturhaus gewisen.
Um Programm stinn eng 12 Märercher a Soen aus ënnerschiddlechen Epochen, vu verschiddenen Auteuren an an dräi verschiddene Sproochen: däitsch, franséisch an englesch. Ënnert de Wierker déi den EVL sech ausgesicht huet, sinn zum Beispill “Der Kuckuck under der Esel” vum Henric Wagenman, “Les Djinns” vum Gabriel Fauré oder och dem Bob Chilcott säin “Danny Boy”.
Den 29.Oktober ass nach e grousse Famillje-Concert. Méi Informatiounen dozou an Tickete ginn et op hirem Site.