
Dëst ass fir d’Billboard-Charts en historesche Moment, well dat an deene 64 Joer bis ewell nach ni engem anere Kënschtler oder Kënschtlerin gelongen ass. Ganz no war awer d’lescht Joer de kanadesche Rapper Drake, deen am September 2021 9 vun 10 Placéierungen an den Top 10 US-Charts hat.
“Midnights” ass den 21. Oktober erauskomm an hat souguer wéinst der grousser Nofro de Streamingdéngscht Spotify komplett an d’Knéie gezwongen. Et gouf och domadder de meeschtgestreamten Album bannent engem Dag an der Geschicht vu Spotify.