Zweetdeierst Fotografie"The Flatiron" vum Edward Steichen gouf fir 11,84 Milliounen US-Dollar versteet

RTL Lëtzebuerg
D'Wierk vum Lëtzebuerger Fotograf hat scho virun der Stee bei Christie's fir Opmierksamkeet gesuergt, well et eng Rekordzomm hätt kënnen erabréngen.
© https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Steichen_flatiron.jpg by Edward Steichen via Wikimedia / Public Domain

Bei der Auktioun vu Christie’s zu New York huet d’Foto vum Edward Steichen 11,84 Milliounen US-Dollar erabruecht. Domadder ass et déi zweetdeierste Fotografie, déi jeemools verbucht gouf. Am Mee dëst Joer war eng Foto vum Man Ray mat de Fraise fir 12,4 Millioune versteet ginn.

D’Bild mam Numm “The Flatiron” weist effektiv d’Flatiron-Gebai zu New York a gouf 1904 gemaach. Bis ewell war d’Wierk Deel vun enger grousser Konschtsammlung vum Microsoft-Matbegrënner Paul Allen, déi ënnert den Hummer koum.

1879 gouf den Edward Steichen zu Lëtzebuerg gebuer an ass am Alter vun zwee Joer mat senger Famill an d’USA ausgewandert.

De Wäert vun der Foto gouf am Virfeld op zwou bis dräi Milliounen Dollar geschat, ma dee Präis gouf deemno an der Online-Auktioun méi wéi nëmmen iwwertraff. Iwwerhaapt goufen och aner Biller aus dem Paul Allen senger Kollektioun fir horrend Zomme versteet. En Ueleg-Bild vum Paul Cézanne beispillsweis koum fir bal 138 Milliounen ënnert den Hummer, e Bild vum Georges Seurat souguer fir iwwer 149 Milliounen, oder e Paul Gaugin fir ëmmerhin nach méi wéi 105 Milliounen.

Am Ganze wier iwwert eng Milliard Dollar beieneekomm an den 2. Deel vun der Auktioun leeft nach bis en Donneschdeg. De kompletten Erléis soll fir karitativ Zwecker genotzt ginn.

© https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Steichen_flatiron.jpg by Edward Steichen via Wikimedia / Public Domain

RTL Kultur-News: “The Flatiron": Wierk vum Edward Steichen kéint deierste Foto ginn, déi jee versteet gouf

Back to Top
CIM LOGO