KinotippTicket to Paradise

RTL Lëtzebuerg
De Kinotipp vun dëser Woch ass e Film, deen zënter Woche mat un der Spëtz vum nationale Boxoffice steet.
Kinotipp: Ticket to Paradise
De Kinotipp vun dëser Woch ass e Film, deen zënter Woche mat un der Spëtz vum nationale Boxoffice steet.

Ticket to Paradise ass eng traditionell romantesch Komedie, wéi et se zënter den 90er Joren nëmmen nach seele gëtt. De Loïc Tanson huet dës ROM COM ënnert d’Lupp geholl.
D’Georgia an den David sinn zënter Jore getrennt. Si bekucke sech net méi a wa se matenee schwätzen, dann ass et, fir deem aneren eng Frechheet ze maachen. Hir gemeinsam Duechter Lily wäert déi streitsüchteg Elteren awer ongewollt dozou zwéngen, zesummen ze schaffen. D’Lily huet nämlech kuerzerhand decidéiert, säi Vakanzeflirt op der Insel vu Bali ze bestueden a seng Eltere wëllen alles drusetzen, fir dës Hochzäit ze verhënneren an hir Duechter mat Heem ze huelen.

Ticket to Paradise ass eng konventionell romantesch Komedie, déi op immens traditionell Manéier an ouni Iwwerraschungen dem Genre vun der ROM COM trei bleift. Ouni grouss Inspiratioun hëlt d’Geschicht an extrem artifiziellen a kaum kredibelen Dekoren hire Laf. Tromp vun dëser Komedie ass awer ouni Zweiwel den Duo vu Schauspiller, deen an den Haaptrollen ze gesinn ass. D’Julia Roberts an den George Clooney hunn eng eemoleg an immens authentesch Vertrautheet, déi dëser zerstriddener Koppel eng melancholesch a ganz charmant Dimensioun gëtt, déi ëmmer nees opblëtzt, wann dës zwou Hollywood-Vedetten zesummen um Ecran sinn.

Back to Top
CIM LOGO