Schonn zanter méi wéi 30 Joer stellen d’Molerin an de Sculpteur ëmmer nees zesummen aus a kreéieren esou e reegen, emotiounsgeluedenen Dialog tëscht hire Wierker. An der Galerie Schlassgoart zu Esch ass den Ament hir neisten Ausstellung “Turbulences et équilibre” gesinn.
Vun de robuste Figuren aus Bronze hin zu de fragille Silhouetten aus Plexiglas, d’Ausstellung am Schlassgoart gëtt engem en Abléck an dem Sculpteur René Wiroth säi laangt kënschtlerescht Schafen. Iwwer d’Joerzéngten huet hien seng kreativ Linn ëmmer nees liicht geännert an och haut nach experimentéiert hie kontinuéierlech mat neien Iddien a Matièren. Sengem Thema allerdéngs ass hien ëmmer trei bliwwen. Am Fokus vu senger Konscht sti ganz kloer d’ Mënschen.
Am Dialog mam René Wiroth senge Skulpturen stinn d’Wierker vu senger Fra, der Molerin Michèle Frank. Mat schnellen, spontane Gesten an deene verschiddenste Faarwen léisst si op Toile hirer Energie an hire Gefiller fräie Laf a kreéiert sou abstrakt emotional Landschaften.
Zanter méi wéi 30 Joer sinn d’Michèle Frank an de René Wiroth quasi onzertrennlech. Zwee Mënschen, déi genee sou verschidde sinn, wéi se complementaire sinn. An hirer Bezéiung an och an hirer Konscht, leeën si vill Wäert op eng gutt Balance tëscht Symbios an Onofhängegkeet.
D’Expo “Turbulences et équilibre” ass, sou d’ Galeristin Nathalie Becker “d’Fruucht vun enger laanger Frëndschaft”. Si suivéiert dee kënschtleresche Parcours vum René Wiroth a Michèle Frank zanter ville Joren. Hir wier et awer och wéinst hiren individuellen a perséinleche Geschichten immens wichteg gewiecht, deenen zwee Kënschtler eng Plaz der Galerie ze ginn. Zesummen mat ënnert aneren der Berthe Lutgen, dem Marc Henri Reckinger an dem Roger Kieffer, hat de René Wiroth 1968 de Kollektiv “Arbeitsgruppe Kunst” gegrënnt. “De René Wiroth war an ass och haut nach ee militante Kënschtler mat der Visioun vun enger Konscht fir jiddfereen a vu jiddferengem”, sou d’ Nathalie Becker.
D’Ausstellung leeft nach bis den 3. Februar.