Eng RTL-Ekipp war an de Studioen zu Kielen bei den Dréiaarbechte vum neie Lëtzebuerger-Schwäizer Film “Jakobs Ross” dobäi an huet gekuckt, wat virun an hannert der Kamera passéiert.
De Film baséiert um Bestseller-Roman mam nämmlechten Numm vun der Zürecher Schrëftstellerin Silvia Tschui. An “Jakobs Ross” geet et ëm den Dram vum sozialen Opstig vun zwee jonke Leit. D’Geschicht spillt sech am 19. Joerhonnert an de Schwäizer Alpen of. Eng Zäit, an där et nach kee Stroum a keen Asphalt gouf. Dekor-Technesch an och schauspilleresch eng Erausfuerderung fir d’Crew.
D’Käschte fir de Film leie knapps ënnert 5 Milliounen Euro, sou déi lëtzebuergesch Productrice Bady Minck. Lëtzebuerg iwwerhëlt d Hallschent dovun. Ënnert anerem gouf domat an d’Postproduktioun, d’Crew an d’Acteuren investéiert.
An à propos Schauspiller. An dëser Co-Produktioun spillen och eng Rei Lëtzebuerger mat: d’Marie Jung, de Luc Feit an d’Eugénie Anselin. Kinosstart ass d’nächst Joer am Hierscht.