E richteg europäesche Projet"Union Place" am Escher Theater

RTL Lëtzebuerg
Geschriwwe vun der Rumänin Elise Wilk fir d'Salzburger Schauspielhaus, a Kollaboratioun mam "Timisoara National Theatre", gespillt vu Lëtzebuerger.
© Jan Friese

“Union Place” ass en internationale Projet duerch an duerch. Lancéiert gouf d’Stéck als Optrag vum Salzburger Schauspielhaus un déi rumänesch Dramaturgin Elise Wilk. Si gëllt als eng vun de meescht gespillten, jonken Dramaturgen aus Rumänien an huet schonn eng ganz Partie Präisser gewonnen, ënner anerem de Präis vun der irescher Botschaft Bukarest fir Nowuessdramatiker fir hiert Stéck “Die grüne Katze” (2013) oder och de Monodrama vum Joer fir hiert Stéck “Krokodil” (2017).

“Den Theater ass fir mech eng Plaz vu Kommunikatioun a Begéinungen, genau wéi Europa. Mir schwätzen déi ënnerschiddlechst Sproochen, hunn divers Hannergrënn a vergiessen heiansdo awer ausserhalb vun eiser ‘Bubble’ erauszekucken a kennenzeléieren, soss géife mir och an deem, wat op den éischte Bléck ‘friem’ wierkt, eppes Familiäres fannen. Dofir fannen ech den Titel ‘Union Place’ och esou passend”, sou den Alexandru Weinberger-Bara, Regisseur vun “Union Place”. “Fir mech sinn Theaterproduktiounen, déi a Kollaboratioun mat verschiddene Länner entstinn an a verschiddene Sprooche kreéiert ginn, d’Zukunft vum Theater.

Dem Elise Wilk no handelt et sech bei “Union Place” ëm eng “kuerz Tragedie”. D’Theaterstéck suivéiert dräi Geschichten, déi sech an dräi verschiddene Länner ofspillen: Éisträich, Lëtzebuerg a Rumänien.

Den Ufank ass um Flughafe vu Wien, wou d’Protagonistin Sophie op den Darius stéisst a sech op eng Affär mat him aléisst, déi op 100-prozenteger Éierlechkeet baséiere soll. Duerch de Russland-Ukrain-Krich kënnt awer raus, dass d’Sophie sech villäicht net sou 100% un dat Ofkommes gehalen huet...

Déi zweet Geschicht spillt sech zu Lëtzebuerg of an engem däitsch-rumäneschen Haushalt. Portraitéiert gëtt ënner anerem eng komplizéiert Relatioun tëschent enger Mamm an hirem Fils, dee si jorelaang net gesinn huet an dee sech elo als Gaascht annoncéiert huet bei hir an hirem Mann. De Grond fir de Besuch ass warscheinlech net, fir e Kaffi ze drénken...

An der drëtter Geschicht treffen e Mann an eng Fra openeen, déi zur Zäit vun der rumänescher Revolutioun am Joer 1989 eng Koppel waren an där hir Bezéiung an d’Bréch gaangen ass, wéi de Mann decidéiert huet, an de Westen ze flüchten, wärend si a Rumänie bliwwen ass. Wisou dat wuel de Fall war a wat genau deemools geschitt ass?

Obschonns déi dräi Geschichten op den éischte Bléck net vill Gemeinsamkeeten hunn, hänken d’Charakteren alleguer wäitleefeg zesummen a behandele se awer all eng nämmlecht Thematik: wat verbënnt an ënnerscheet eis mat Leit, ausserhalb vun eise Grenzen? Wéi eng Influenz hunn eis fréier Decisiounen op eist Liewen haut? A wat bedeit et mënschlech ze bleiwen, wann ee mat historesche Changementer konfrontéiert ass?

D’Äntwerte ginn et den 20. an 21. Oktober am Escher Theater op der Bün. Méi Informatiounen zum Stéck an Tickete ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO