RIPUS-Schauspiller Leslie Jordan am Alter vu 67 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Leslie Jordan war virun allem bekannt aus der Sitcom "Will & Grace". No engem Autosaccident koum déi traureg Nouvelle vu sengem Doud.

D’Doudesursaach ass awer nach net gekläert. Et kéint sinn, dass de Leslie Jordan e Malaise gemaach huet, éier et zum Accident komm ass.

Den Jordan gouf virun allem bekannt duerch Optrëtter an TV-Serien, wéi z.B. “American Horror Story”, “Murphy Brown” an “Ugly Better”. Fir seng Roll als Beverly Leslie a “Will & Grace” krut hien de renomméierte Fernsehpräis Emmy.

Back to Top
CIM LOGO