
Als New Yorker Detektiv John Shaft ass de Richard Roundtree an de 1970er Jore berüümt ginn. Hie war deen éischten Afroamerikaner, deen an den USA als Actionheld gefeiert gouf an esou ee Succès op der Leinwand hat. Dem Richard Roundtree säi Manager Patrick McMinn huet säin Erfolleg als “Wendepunkt fir afroamerikanesch Haaptacteuren am Film” bezeechent.
Wéi verschidden US-Medie beriichten, ass de Richard Roundtree en Dënschdeg am Alter vun 81 Joer no engem kuerze Kampf géint de Bauchspeicheldrüsekriibs gestuerwen. Seng Famill wier deen Ament bei him gewiescht, schreift zum Beispill “Deadline”. Schonn 1993 hat de Richard Roundtree d’Diagnos Broschtkriibs kritt, déi hien no enger Mastektomie awer iwwerstanen huet.
De Film “Shaft” mam Richard Roundtree an der Haaptroll koum am Joer 1971 eraus an hat direkt esou ee Succès, datt Fortsetzungen net laang op sech waarde gelooss hunn. De Film krut am Joer 1972 den Oscar an der Kategorie “Bescht Lidd” fir den Isaac Hayes a war och fir déi “Bescht Filmmusek” nominéiert.