MilliounewäertUSA gi Syrien iwwer 30 geklauten antik Konschtwierker zeréck

RTL mat AFP
Am Ganze goufe 36 Artefakte vum Metropolitan Museum of Art zu New York a sëllege Sammler vun anticker Konscht saiséiert, sou de Parquet vu Manhattan.
De Site Palmyra a Syrien.
De Site Palmyra a Syrien.
© RAMI ALSAYED/NurPhoto via AFP

D'USA wëlle Syrien déi iwwer 30 geklaute Konschtwierker nees zeréckginn. De Gesamtwäert vun de geklaute Wierker beleeft sech op méi wéi 5 Milliounen Dollar, ëmgerechent 4,4 Milliounen Euro.

Ënnert den anticken Objeten ass och e Steen, dee wärend der Zerstéierung vum anticke Site Palmyra duerch d'IS geklaut an aus dem Land bruecht gouf. Déi iwwer 450 Kilo schwéier Skulptur aus Kalleksteen weist e Mann, dee läit, ëmgi vun enger Fra an dräi Kanner.

De Parquet vu Manhattan huet matgedeelt, dass déi 13 am Metropolitan Museum of Art saiséiert Objeten zu enger Grupp vu 402 Artefakten am Wäert vun 98,7 Milliounen Dollar gehéieren, déi zanter 2017 bei der Kulturariichtung séchergestallt goufen. Véier weider Stécker, déi zeréck a Syrien ginn, stamen aus dem Besëtz vum US-Sammler Michael Steinhardt. 2021 hat hat hien 180 geklauten antik Artefakten am Gesamtwäert vu ronn 70 Milliounen Euro zeréckginn, fir enger Prisongsstrof z'entgoen.

D'USA hunn mam Laf vum Joer och schonn Antiquitéite vun ausgeraiberten archeologesche Plazen a verschiddene Länner zeréckginn, dorënner China, Ägypten, Griichenland an Italien.

Back to Top
CIM LOGO