Bekannt aus "Anatomie d'une chute"Vergewaltegungsvirwërf géint franséische Schauspiller a Réalisateur Samuel Theis

RTL Lëtzebuerg
De 45 Joer alen Theis, deen d'Haaptroll am franséische Film "Anatomie d'une chute" iwwerholl hat, gëtt vun engem 27 Joer alen Techniker beschëllegt.
© AFP/Archiv/Julie SEBADELHA

Wéi de Parquet vu Metz matdeelt, goufen dowéinst Ermëttlunge géint de Samuel Theis opgeholl. Den Acteur selwer dementéiert d’Virwërf a betount, et wier am Juni 2023 wärend den Dréiaarbechten zu engem Film ënnert senger Regie tëschent him an dem Mann zu kollegialem Oralverkéier no enger Party komm. Dëse soll ausgesot hunn, hien hätt d’Impressioun gehat, datt him Drogen agi goufen. Nom Virfall hat hien d’Dréiaarbechte verlooss an de Schauspiller ugeklot.

De Samuel Theis gouf doropshi vun der Produktiounsfirma ugewisen, de Kontakt mat der Ekipp ze reduzéieren. Hien dierft net méi an der Kantin iessen, misst den Hotel wiesselen an deenen anere Schauspiller Uweisungen iwwert e Walkie-Talkie ginn.

De Film “Anatomie d’une chute” an dem de Samuel Theis eng vun den Haaptrollen iwwerhëlt, gouf zu Cannes mat enger Gëllener Palm a bei de Golden Globes mat zwee Präisser ausgezeechent.

Back to Top
CIM LOGO