
De Präis gëtt den 10. Dezember zu Reykjavik an Island iwwerreecht, dat elo fir déi 35. Kéier an no zwee Joer nees a gewinnter Form an net méi, Covid-bedéngt, a virtueller Form.
D’Konkurrenz fir d’Vicky Krieps ass dann och grouss, niewent der Lëtzebuerger Actrice sinn d’Léa Seydoux, d’Penélope Cruz, d’Zar Amir Ebrahimi an d’Meltem Kaptan nominéiert fir déi bescht Actrice bei de European Film Awards.