“Villa Plage” nennt sech dee gratis Summerprogramm vun der Villa Vauban, deen dem Public schonn zanter 2018 déi ganz Vakanz iwwer déi verschiddenst Atelieren an hirem Park ubitt. Vum Strecken iwwer d‘Kreatioun vu Bijoue bis hin zum Wine Tasting: De Programm ass prall gefëllt.
An deem idyllesche Park kommen de Summer iwwer awer och d‘Frënn vun der klassescher Musek op hir Käschten. D’Stad Lëtzebuerg organiséiert hei op e Neits d‘Concertsserie “Klassik am Park” – normalerweis! Dem Museker a Komponist Hy-Khang Dang säi Concert hat wéinst dem Reen missen an déi protestantesch Kierch verluecht ginn. Trotzdeem ass de Museker begeeschtert vum Konzept.
Zwee weider Concerte sti fir den August nach um Programm. De 4. August spillt de schwedeschen Skallsjö Sommarorkester an den 18. August ass et um Point 14 Percussion Duo mam Lëtzebuerger Yves Popow an dem italienesche Museker Alessandro Di Giulio.
De Summerprogramm “Villa Plage” leeft nach bis den 10. September.
Weider Informatiounen fannt Dir op www.villavauban.lu