Eng Ausstellung, Workshoppen a Spektakele brieche mat den traditionelle Codë vum Geschichten-Erzielen a loossen de Visiteur op déi verschiddenst Manéieren an d’Welt vun de moderne Märercher andauchen.
All Joers op en Neits iwwerraschen d’Rotondes de Public am Kader vum Fabula Rasa Festival mat spannenden Erzielformen. Nom Flipbook, besser bekannt als Daumekino, dréint sech bei dëser mëttlerweil scho 7. Ausstellung “Turn On” alles ëm de Phonotrop – Vinylsplacke mat Illustratiounen drop, déi, soubal de Plackespiller leeft, animéiert an zum Liewen erwächt ginn.
Ze entdecke ginn et d’Wierker vu ganzer 21 Kënschtler aus der ganzer Welt. Déi vill Vinylsplacke sinn awer net just fir ze kucken, ma natierlech och fir ze lauschteren.
Geschichten op eng ganz modern, deels decaléiert an onerwaarte Manéier ze erzielen – dorëms geet et och an de kreativen Atelieren an an deene 5 Spektakelen, déi dëst Joer um Programm vum Fabula Rasa Festival stinn.
Nach bis den 11. Februar ginn et déi vill Animatiounen a Geschichten an de Rotondes ze entdecken. D’Ausstellung “Turn On” ass bis dohin ëmmer vun donneschdes bis sonndes op. Seng Plaz fir d‘Spektakelen an d‘Ateliere kann een um Site reservéieren.