Elektronesch MusekWazToo. 20 Joer hannert dem Mëschpult

RTL Lëtzebuerg
Mam Webdokumentaire 20Years-Waztoo, A journey into Music, bléckt de Lëtzebuergeschen DJ WazToo a säin Entourage op seng Karriär zeréck.

Ufanks konnt ech u sech guer net esou vill mat elektronescher Musek ufänken”, erënnert sech den Tom, oder WazToo, wéi hie sech als DJ nennt. Ma schlussendlech soll de schnellen Tempo vum Eurodance, mat Vertrieder ewéi Scooter, Recht behalen an de Lëtzebuerger Museker endgülteg konvertéieren.

“Et ass einfach eng Gefillssaach. Aner Leit hunn dat mat Popmusek, ech mat elektronescher Musek. Ech fillen et einfach.” E musikalesche Coup de foudre, dee sech iwwert d’Joren an eng fest Bezéiung entwéckelt huet. Vun éischten Optrëtt op Hochzäiten an a Caféë bis hin zu legendäre Clubs. “Deemools hunn ech nach a Caféen a Bare opgeluecht, déi et mëttlerweil net méi gëtt, ewéi de Point. Dann no sëllegen Ufroen duerft ech och um E-Lake spillen a vun do un hunn ech dann op eemol um Nature One an am Ministry of Sound zu London opgeluecht.

Eng Entwécklung, déi och parallel zur Popularitéit vun der elektronescher Musek verlaf ass. “Elektronesch Musek ass mëttlerweil wierklech iwwerall, wat leider net ëmmer positiv Effekter matsechbréngt.” Virun allem d’Obligatioun, alles mussen op de soziale Medie mussen ze deelen, géif a sengen Aen heiansdo de Fokus vun der Qualitéit ewechhuelen a vill méi op d’Quantitéit setzen. Ma fir de WazToo geet et och net ganz ouni. “Ouni Social-Media kanns du haut esou gutt spillen, wéis de wëlls, du bass dann trotzdeem muer vergiess. Déi eenzeg richteg Alternativ bidde Labelen. Ma bis ee bei engem gudde Label lant, muss een och eppes virzeweisen hunn.
Eppes virzeweisen, dat huet de Lëtzebuerger DJ no 20 Joer hannert dem Mëschpult op jiddefalls méi ewéi genuch. Wéi en dohinner komm ass, wisou een am Milieu säi Numm gäre mat Waasser a Verbindung bréngt a wouhin d’Rees nach higeet, all dat kann een am Documentaire “20Years-Waztoo, A journey into Music”, deen zanter dem 19. Dezember online ass, entdecken.

Back to Top
CIM LOGO