Wat ass d’Roll vun engem Musée? Eng Fro, déi am zäitgenësseschen Kontext vun enger Museesprogrammatioun ëmmer erëm zum Nodenken ureegt.
Wéi wëll ee Konscht weisen a wéi soll Konscht geduecht ginn? Déi nei Ausstellung “A Model” am Mudam gräift ënner anerem dës Froen op a gëtt Denkustéiss, wéi e Musée als lieweg Plaz ka gesi ginn.
E Musée sammelt a weist Konscht an dréit dozou bäi, de Patrimoine ze verwalten. E Musée weist wat an der zäitgenëssescher Konscht a Kultur geschitt an ass deemno eng Plattform fir d’Sujeten, déi eis Gesellschaft beschäftegen.
D’Ausstellung “A Model” beschäftegt sech mat der Roll vum Musée vum 21. Joerhonnert a betount d’Noutwendegkeet, de Musée als eng lieweg Plaz ze gesinn. Inspiratioun fir d’Ausstellung huet de Projet vum Palle Nielsen ginn, deen 1968 dräi Woche laang de Modern Art Musée zu Stockholm an eng grouss Spillplaz fir Kanner verwandelt huet. Iwwer 30.000 Kanner hunn sech iwwert deen Zäitraum hei entfaalt. De Mudam verwandelt sech awer an dësem Fall net an eng Spillplaz, mee d’Liichtegkeet vum Projet huet inspiréiert.
D’Ausstellung versammelt international Artisten, déi sech an hirer Praxis kritesch mam Fonctionnement vun engem Musée auserneesetzen. A bitt domat och eng Plattform fir eng Aart sozial an zäitgenëssesch Arena.