Hiobsbotschaft fir Wacken-FansWéinst Reen a Bulli manner Leit eragelooss, Oflaf vum Programm onsécher

RTL Lëtzebuerg
Heftegen Dauerreen an e komplett opgeweechte Buedem suergen nawell dëst Joer um weltwäit bekannte Metal-Open-Air-Festival zu Wacken fir grousse Chaos.
© AFP

En Dënschdeg hat ee scho verlaude gelooss, dass et guer net sou gutt ausgesäit um Wacken-Festival. De Grond: massive Bulli. Do scho gouf et Stauen, well vereenzelt Gefierer mat Trakteren aus dem Bulli hu misse gezu ginn.

An der Nuecht op e Mëttwoch dunn d’Confirmatioun vun den Organisateuren, dass “wéinst dem Wieder” keng Leit méi um kompletten Terrain eragelooss ginn. Déi “vertrietbar Zuel u Visiteuren” wier erreecht.

An anere Wierder, wien net schonn en Donneschdeg mat Zäiten ugereest ass, hat Pech. “All weider Urees muss vun elo un direkt gestoppt an ofgebrach ginn”, sou d’Organisateuren ënner anerem op de soziale Reseauen. “Mir hunn alles Méigleches versicht, awer leider kënne mir keng weider Mënsche méi op den Holy Ground loossen.”

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vum Festival, dass esou eng Decisioun geholl gouf. Et soll och déi nächst Deeg net méi dréche weidergoen. D’Situatioun wier “immens traureg”.

A mat der Meteo ass och onkloer, wéi et allgemeng nach weidergeet um Festival. “Den Ament decidéiere mir dagesaktuell zesumme mat de lokalen Autoritéiten, wéi mer de Programm beschtméiglech gestalte kënnen”, heescht et weider vun den Organisateuren. Lassgoe soll et no Plang e Mëttwoch am Nomëtteg, de Festival dauert bis e Sonndeg. Optriede solle Bands wéi Iron Maiden a Megadeth.

Normalerweis ginn um international bekannte Festival, dat weltwäit als de gréisste Metal-Festival gëllt, ronn 85.000 Entréeë verkaaft. Wéi d’Police schätzt waren e Mëttwoch ongeféier ronn 50.000 Fans um Terrain. Just d’Hallschent vun de komplett opgeweechte Campingflächen ass beluecht.

Vill Visiteuren hunn e Mëttwoch, nodeems en Entrée-Verbuet ausgeschwat gouf, nach op der Plaz Demi-tour gemaach oder hunn nach versicht en Auswäich-Camping unzesteieren.

Wéi elo déi ausgeschlosse Visiteuren entschiedegt solle ginn, steet nach op. Dat wéilt een awer esou séier wéi méiglech bekannt ginn, huet et e Mëttwoch geheescht.

Wéi a groussen Deeler an Däitschland ass d’Meteo zanter Deeg zimmlech naass a gro. No deem ville Ree soll et dann och e Mëttwoch deelweis hefte Wiedere ginn mat Donnerwieder a staarkem Reen vun ëm déi 20 Liter de Quadratmeter.

Back to Top
CIM LOGO