Vum Ken Loach iwwert de Nanni Morretti bis hin zum Japaner Kore-Eda war d’Lescht vun 21 Filmer, déi fir déi gëlle Palm an d’Course ginn, net wierklech eng Iwwerraschung. Véier vun deene Filmer goufe vu Frae realiséiert, e Rekord an der Geschicht vum Festival.
Och wann dës Zuel dach nach erschreckend niddreg ass, huet ee vun deene Filmer sech als grousse Favorit op d’Palme d’or profiléiert.