D’Kënschtler, déi zu Lëtzebuerg an zu Paräis liewen a schaffen, maachen hei en Hommage un e groussen Numm aus der franséischer Hip Hop-Zeen, de Pone, Beatmaker vun der Band Fonky Family. De Museker gouf 2015 mat der Krankheet ALS diagnostizéiert. Et war e ganz spezielle Moment, wéi leschte Freideg den Owend de Liichttuerm zu Marseille e Message an den Himmel iwwert Stad geschéckt huet. Keen banale Morse Code , mee e Message vun enger franséischer Hip Hop Ikone, dem Pone, dee fir de musikalesch Volet vun der franseische Rapper Fonky Family zoustänneg ass. De Museker lieft zënter 2015 mat ALS oder «Maladie de Charcot» wéi se a Frankräich genannt gëtt. Bei dëser neurodegenerativer Krankheet ass de Betraffene ganz séier a sengem eegene Kierper sou ze soen agespaart, well all Muskelen no a no ophalen ze funktionéieren.
D’Stephanie Rollin an den David Brognon, déi alle béid zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, hunn de Pone bei sech doheem besicht. Hie kommunizéiert haut just nach iwwert seng Aen a mat engem Computer, dee sou seng Sätz erëm gëtt. Mat hirem Wierk hu si him sou ze soen seng Stëmm erëmginn. Si hunn dem Museker seng Aebeweegungen enregistréiert, dee Moment, wou hien e Message um Computer schreift. Duerno gouf e Projekter um Phare zu Marseille esou programméiert, dat en dem Pone säi Message an den Himmel projezéiert.
Fir de Pone wa et wichteg, sech a sengem Message un d’Stad Marseille ze adresséieren, eng Stad, an där hie jorelaang Musek gemaach huet a vill Jonker influenzéiert an ënnerstëtzt huet. E Message mat Humor a Resilienz.
«Je pense dire un truc bateau, mais tellement vrai me concernant, tout est possible ! »
D’Emotioun war den Owend selwer och grouss bei de Kënschtler. Hir Gedanke ware ganz beim Museker a senger Famill.
Dem Pone säi Message kann een nach bis an de Juli eran um Marseiller Himmel Owes, soubal d’Sonn ënnergeet, gesinn.
Den 3. Februar léiert een de Kënschtler-Duo Brognon/Rollin an hir Aarbecht an der Artbox dann nach besser kennen.