"The Flatiron"Wierk vum Edward Steichen kéint deierste Foto ginn, déi jee versteet gouf

RTL Lëtzebuerg
D'Auktiounshaus Christie's verkeeft d'Kollektioun vum Microsoft-Matbegrënner Paul Allen. Ee Wierk an der Kollektioun suergt elo scho fir Opmierksamkeet.
© https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Steichen_flatiron.jpg by Edward Steichen via Wikimedia / Public Domain

Wéi ënnert anerem “The Art Newspaper” schreift, kënnt bei der Auktioun zu New York um 9. an 10. November d’Foto “The Flatiron” vum Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen ënnert den Hummer. D’Foto ass 1904 entstanen a weist en ikonescht New Yorker Gebai mam nämmlechten Numm. Si gëtt op e Wäert tëscht 2 an 3 Milliounen Dollar geschat. Experte schätzen dem “The Art Newspaper” no awer, datt d’Foto fir wäitaus méi kéint versteet ginn.

Eréischt am Mee dëst Joer gouf de Rekord fir déi deierste Foto aller Zäite vum Wierk “Le Violon d’Ingres” (1924) vum Man Ray erreecht. Si gouf fir 12,4 Milliounen Dollar versteet, mä gouf ursprénglech op “just” 7 Millioune geschat. Den Experten no kéint d’Foto vum Edward Steichen dëse Rekord elo awer nach iwwertreffen.

Den Edward Steichen gouf 1879 zu Béiweng gebuer an ass mat zwee Joer mat engen Elteren an d’USA ausgewandert, wou hie sech en Numm als Fotograf gemaach huet. D’Ausstellung The Family of Man, déi den Edward Steichen an de 50er Jore fir den New Yorker MoMa, Museum of Modern Art, konzipéiert huet, gëtt als eng vun de wichtegste Fotokollektioune vun der Fréier Moderne ugesinn a gëtt zanter 1994 am Schlass zu Clierf gewisen.

© https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Steichen_flatiron.jpg by Edward Steichen via Wikimedia / Public Domain

Back to Top
CIM LOGO