Jonk Kënschtler"Young Luxembourgish Artists" am Pop-up-Espace vum Garage Arnold Kontz

RTL Lëtzebuerg
Et ass mëttlerweil déi 3. Editioun vun dëser Konscht-Expo, wou och dëst Joer erëm 9 jonk Kënschtler erausgesicht goufen, fir hir aktuell Konscht ze weisen.
"Young Luxembourgish Artists"
Et ass mëttlerweil déi 3. Editioun vun dëser Konscht-Expo, wou och dëst Joer erëm 9 jonk Kënschtler erausgesicht goufen, fir hir aktuell Konscht ze weisen.

Nei ass och d’Fokus-Selektioun, wou eng Kënschtlerin vun der leschten Editioun eng méi grouss Visibilitéit kritt. 2021 hunn de Galerist Gerard Valerius an d’Lou Phillips dëse Projet an d’Liewe geruff an dat mat engem Zil: jonke Kënschtler, déi deels nach op der Uni sinn, eng Plattform ze bidden, wou si hir Konscht eng éischte Kéier engem grousse Publikum kënne weisen.

De Xavier Karger gehéiert zu dëse jonken Talenter. Bei dëser Ausstellung weist hien eng Serie vu Molereien, déi um Pop Art inspiréiert sinn, eng Participatioun, déi him vill bréngt.

Frësch Kënschtler ze fannen, dat ass all Joer erëm eng grouss Erausfuerderung fir d’Lou Philipps, si fënnt se am Ausland iwwer Frënn oder nach iwwer sozial Medien.

De Steven Cruz, de Gewënner vun der leschter Staffel Generation Art, dee souwuel an der Fotografie wéi och an der Installatioun doheem ass, proposéiert fir dës Ausstellung direkt 2 Aarbechten. De jonke Kënschtler, deen tëschent Lëtzebuerg a Bréissel pendelt, schätzt d’Visibilitéit vum Projet.

Dëst Joer leeft Young Luxembourgish Artists och am Kader vun der Art Week an ass nach bis den 18. November am Pop-up-Espace vum Garage Arnold Kontz ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO