
Mat der Caroline von Reden als Direktesch start déi zäitgenëssesch Konschtfoire den 10. November an hir 9. Editioun. Op deem breetgefächerte Kaderprogramm steet ënnert anerem ee Skulptureparcours mat Wierker vum renomméierten hollännesche Kënschtler Joep van Lieshout.
Méi wéi 20.000 Visiteuren hat d’Luxembourg Art Week d‘lescht Joer op d‘Fouerplaz gelackelt, wou iwwer 80 Galerien, Kënschtlerkollektiver an Institutiounen aus 14 verschiddene Länner vertruede waren. Déi 9. Editioun vun der Foire bréngt net just eng spannend nei Programmatioun mat sech, ma och eng nei Direktioun. Mat vill Elan a villen Ambitiounen huet d’Caroline von Reden, Beroderin fir Konschtmanagement, d‘Successioun vum Alex Reding iwwerholl.
D’Jenny Fischbach am Gespréich mam Galerist Gerard Valerius
Zäitgenëssesch Discoursen, déi och baussent der Ausstellungsplaz um Glacis, am ëffentleche Raum stattfanne sollen. Zu den Highlights am Programm vun der Luxembourg Art Week 2023 gehéiert de Skulpture Parcous “The Rebellion” vum Atelier van Lieshout. Ganzer 5 Skulpturen ginn et uechter d‘Stad ze entdecken, dorënner ee liewensgrousse Wal aus Stol.
D’Direktesch vun der Artweek Caroline von Reden am RTL-Interview mam Sandy Elsen
Nieft dësem Skulptureparcours a villen nationalen an internationalen Aussteller stinn och Konferenzen, Workshoppen a Kollaboratioune mat verschiddene kulturellen Institutiounen wéi dem Mudam oder dem Casino – Forum d’Art Contemporain um Programm.
Déi ganz Programmatioun fannt Dir um Site www.luxembourgartweek.lu