"Big Christmas Wind Orchestra" um Escher ChrëschtmaartZesumme musizéieren, ouni Prouwen oder Preparatioun

RTL Lëtzebuerg
Wat wier Chrëschtdag ouni d’Sange vu Chrëschtdagslidder.
"Big Christmas Wind Orchestra" um Escher Chrëschtmaart
Wat wier Chrëschtdag ouni d’Sange vu Chrëschtdagslidder.

An England gehéiert et souzesoen zum gudden Toun, viru Chrëschtdag zesumme raus op d’Strooss sangen ze goen a Geld fir de gudden Zweck ze sammelen. Am Zentrum vu London zum Beispill treffe sech all Joer honnerte Leit, fir zesummen ze musizéieren. Dobäi gëtt näischt am Virfeld astudéiert. Et weess een net genee, wat ee séngt a mat wiem ee séngt. “Big Christmas Wind Orchestra” heescht dësen Event. Eng Iddi, déi de Lëtzebuerger Jeff Hemmen an de Grand-Duché matbruecht huet. Den 32 Joer alen Informatiker an Hobbymuseker huet 10 Joer laang a Groussbritannien gelieft an huet d’Traditioun vum Chrëschtdagslidder-Sangen an d’Häerz geschloss.

Et si Kolleege vu mir, déi hunn dat 2012 ugefaangen. Ech hunn déi duerno kennegeléiert. Ech hu selwer zwee, dräimol matgemaach an et huet mir einfach esou vill Spaass gemaach an ech hunn et bësse vermësst, wéi ech rëm op Lëtzebuerg komm sinn. Dunn hunn ech decidéiert, ech probéieren, dat hei ze lancéieren.

Et geet drëms, Leit zesummenzebréngen. Egal ob Profi oder Amateur, Sänger oder Museker mat Blosinstrument. Et kënnt ee beieneen, ouni Prouwen, ouni Preparatioun, a musizéiert zesummen. Zu London maache mëttlerweil ronn 300 Leit bei dësem Event mat.

Déi Lëtzebuerger Versioun huet ronn 40 Participanten ugezunn. Dorënner och déi englesch Ambassadrice Fleur Thomas.

Ech hu fréier Klarinett gespillt, wéi ech nach vill méi jonk war. An ech war relativ gutt, mä dat ass elo eng Weilchen hier. Ech hunn heivun héieren an et ass sou eng flott Saach. Dat ass a Groussbritannien eng Chrëschtdagstraditioun ginn. Als Kand hunn ech an Akafszentren, Orchesteren a Bands gespillt – genee wéi elo, all Chrëschtdag. Dat bréngt mech also direkt zréck a meng Jugend, wat net dacks virkënnt.

Fir de Jeff Hemmen, dee vu klengem u Musek mécht a schonn a méi wéi 20 Museke war, war dës éischt Editioun um Escher Chrëschtmaart eng gelonge Première. A bei där enger Kéier soll et net bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO