Lëtzebuerger Koproduktioun bei der BerlinaleZu Berlin steppen de Bier, de Fuuss an den Hues

RTL Lëtzebuerg
Vum 15. bis de 25. Februar steet déi däitsch Haaptstad am Zeeche vum Film. Och fir déi 74. Editioun war déi Lëtzebuerger Filmzeen vertrueden. 2 Koproduktioune lafen un.

Et war een Animatiounsfilm, deen e Sonndeg den 18. Februar d’Berlinale fir de rout wäiss bloe Filmsecteur ageleet huet. “Fox and Hare Save the Forest” - en Animatiounsfilm vun der hollännescher Regisseurin Mascha Halberstad a koproduzéiert vun der Lëtzebuerger Firma Doghouse Films. Representéiert vum Emanuelle Vincent an dem David Mouraire, féiert d’Ekipp een Erfolleg nom aneren. Virun der Nominatioun fir d’Berlinale hat hiren aneren Animatiounsfilm “Where is Anne Frank” a Koproduktioun mat ënnert anerem de Lëtzebuerger vu Samsa Film, eng Nominatioun fir de Film Festival vu Cannes erabruecht.

“Fox and Hare Save the Forest” ass eng Geschicht iwwer Frëndschaft, Unerkennung, ma och Ëmwelt an d’Risike vum “Grössenwahn”. Verkierpert ginn dës Thematiken am Film vun engem Biber, dee mat sengem Staudamm de ganze Bësch ënner Waasser stellt. Dobäi geet et him eigentlech dorëms, eppes ze schafen, dat him d’Unerkennung an d’Frëndschaft vun den aneren Déiere séchert. Op den éischten Abléck eng léif Geschicht, déi awer, esou d’Regisseurin, “och den eelere Public zum nodenke bréngt”.

Den Undrang vun der Weltpremière am Haus der Kulturen der Welt war jiddefalls enorm. De grousse Sall vun 1.000 Plaze war bis op e puer Still voll besat. Wärend dem Film konnt ee vill jonk, ma och manner jonk Stëmme laachen héieren. Eng Begeeschterung, déi och no der Virstellung net ofgeholl huet. Grouss a kleng hunn et sech deemno net huele gelooss, sëlleg Froen un d’Produktiounsekipp ze stellen.

No der Soirée an der Lëtzebuerger Ambassade den 19. Februar, wou Filmschaffender aus Lëtzebuerg zesumme kommen, leeft dann den 20. Februar déi zweet Koproduktioun aus dem Grand-Duché un - “Black Tea” vum Abderrahman Sissako.

Weider Andréck vun der Berlinale fannt Dir dës Woch am Magazin. D’RTL-Ekipp huet op der Plaz mat de verschiddenen Acteure vun dëser Editioun geschwat, fir besser ze verstoen, wat esou e Filmfestival fir si bedeit, wat si do maachen a wat genee Berlin als Filmstad esou spannend mécht.

Back to Top
CIM LOGO