
© Fernande Jourdain
PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Josiane Kartheiser iwwer d'Buch "Dr Marie-Paule Molitor-Peffer - Ärztin ohne Furcht und Tabus".
Mat Literatur ass d'Josiane Kartheiser opgewuess an no hirem Studium huet och si d'Schreiwen zum Beruff gemaach als Journalistin a Schrëftstellerin vu ë.a. Kabaretstexter, Theaterstécker, Kuerzgeschichten an Texter.
Am Optrag vum Planing familial huet si elo e Buch erausbruecht iwwer déi fréier Presidentin Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer. Ënner dem Titel "Ärztin ohne Furcht und Tabus" (Editions Phi) gëtt hei de Portrait gezeechent vun enger engagéierter Fraendoktesch, déi iwwer Joerzéngte sech agesat huet fir d'sexuell Selbstbestëmmung an d'Berodung vun de Fraen a jonke Meedercher an dobäi ni e Blat vrun de Mond geholl huet, ënner anerem och an enger RTL-Radiosemissioun.
Am Gespréich mam Christiane Kremer huet d'Josiane Kartheiser méi erzielt iwwer d'Doktesch, déi si selwer kannt huet, iwwer hiren Asaz awer och iwwer déi vill Kritik, där se ausgesat war.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
