Suergerechtssträit am ChileIewescht Geriicht stoppt Pendele vun "Trennungskaz"

Samantha Weber
Iwwer dräi Instanzen hu sech am Chile zwee Ex-Partner ëm hir Hauskaz gestridden. Schlussendlech huet den Ieweschte Geriichtshaff d'Wuelbefanne vum Déier an de Mëttelpunkt gestallt.
© LV11

Am Chile huet den Ieweschte Geriichtshaff an engem Rechtssträit iwwer eng Kaz geurteelt. Et wier dem Déier net zouzemudden, all Mount tëscht deenen zwee Ex-Partner hin an hier ze pendelen. De Véierbeener "Perseo" hätt och Gefiller. Säi Wuelbefanne misst Prioritéit hu virun den Interessien an de Rechter vu senge Besëtzer, hunn d'Riichter eestëmmeg decidéiert.

Am Chile gëllen Déieren dem Recht no zwar als "beweeglech Saachen", ma déi fënnef Riichter vun der héchster Instanz hunn de Schutz vun der Kaz méi héich bewäert.

Suergerecht fir d'Fra

Konkreet huet dat Iewescht Geriicht der Fra d'Recht zougeschwat, sech ëm d'Kaz ze këmmeren. Domat huet d'Geriicht en Urteel aus Zweeter Instanz confirméiert. Fir de fréiere Partner vun der Fra gehéiert d'Kaz, déi si wärend hirer Bezéiung kruten, hinnen zwee. Dowéinst hat hie gefuerdert, datt d'Kaz ofwiesselnd bei engem vun hinnen zwee ass. An éischter Instanz war hien domat nach duerchkomm. All Mount sollten d'Ex-Partner sech dowéinst op engem Policebüro treffen, fir deem aneren d'Kaz ze ginn. D'Fra war géint déi Reegel awer an Appell gaangen.

Fir d'Riichter vum Ieweschte Geriicht war d'Argument vun der "Matproprietéit" awer net Grond genuch. Donieft géing "déi héich Konfliktbereetschaft vun de Parteien et ausschléissen, datt d'Wuelbefanne vun der Hauskaz am Kader vun engem gemeinsame Suergerecht garantéiert kéint ginn".

Back to Top
CIM LOGO