Klengste Villchen an EuropaDen "Dommendéck" ass de Vull vum Joer 2027

Jeff Birsens
D'Ofstëmmung vun natur&ëmwelt huet dëst Joer e ganz klenge Villche mat enger ëm sou méi grousser Stëmm gewonnen.
Den Dommendéck heescht op latäin "Regulus regulus"
© natur&ëmwelt

No enger Online-Ofstëmmung, déi eng éischte Kéier vun natur&ëmwelt organiséiert gouf, steet elo de Gewënner fest. Den "Dommendéck" ass de Vull vum Joer 2027. Bis elo war dës Decisioun ëmmer vun Ornithologe geholl ginn. Dëst Joer ware si just fir eng Preselektioun zoustänneg, éier dann de breede Public ofstëmme konnt.

Den Dommendéck, op däitsch "Wintergoldhähnchen", op franséisch "Roitelet huppé", op englesch "Goldcrest" an op latäin "Regulus regulus" ass vu sengem giel-orange Kapp bis bei d'Enn vum Schwanz just 9 Zentimeter grouss an domat dee klengste Villchen an Europa. Dozou kënnt e Gewiicht vu just 5 Gramm. Trotz senger Gréisst ass en awer a senger Lautstäerkt ëm sou méi haart. Duerch eng kräfteg an awer och hell Stëmm kann een den Dommendéck, dee virun allem an de Bamkroune lieft, gutt héieren.

De klenge Villche wäert domat um nächste Sticker vun natur&ëmwelt ze gesi sinn. 2027 wäert sech d'Organisatioun besonnesch fir gesond Mëschbëscher asetzen, deen den Dommendéck fir ze liewe braucht.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO