
E jonkt Meedchen ass an engem Déierepark an Däitschland vun engem Wollef attackéiert an uerg blesséiert ginn. Der Noriichtenagence AFP no wier et zu Baruth/Mark südlech vu Berlin zu der Attack komm.
Wéi et vun der lokaler Police heescht, hätt sech d'Affer zesumme mat zwee anere Kanner an engem Member vum Personal vum Park am ofgespaarte Beräich vun de Wëllef opgehalen, wéi et vun op d'mannst engem Wollef attackéiert gi wier. Wéi et genee zum Tëschefall komm ass, wier elo Géigestand vun enger Enquête, sou d'Police.
D'Meedche gouf nom Tëschefall mat engem Rettungshelikopter an d'Spidol geflunn.
Am Déierepark, an deem et zu der Attack komm ass, ginn ënnert anerem gro arktesch Wëllef, Luchsen a Brongbiere gehalen. Um Internetsite vum Park heescht et aktuell, dass een temporär zou wier.