176 Kilometer bannent 26 StonnenZu Käerch war de Weekend den éischte Backyard Trail

Bern Thill
Am Ausland huet de Backyard Ultra bei de Leefer scho vill u Beléiftheet gewonnen, den Organisateur Alain Scheuer huet dat zu Lëtzebuerg mam Trail kombinéiert.

Am Fong sollte 24 Stonne zu Käerch gelaf ginn. Am Endeffekt waren et der awer 26. Bei der Ausschreiwung hat den Organisateur d'Zäitëmstellung net am Bléck. Beim Backyard Trail gouf et all Stonn en neien Depart. War ee schnell ënnerwee, fir déi 6,7km zréckzeleeën, dann hat een eng länger Paus, am anere Fall eng méi kuerz. D'Leefer hunn d'Paus dobäi net am Käercher Schlass verbruecht, ma jiddereen huet säin eegent Zelt a Material matbruecht.

Den Alain Scheuer hat d'Iddi, fir esou e Backyard Trail bei eis am Land z'organiséieren. Am Ausland huet de Backyard Ultra scho vill u Beléiftheet gewonnen, den Alain Scheuer huet dat zu Lëtzebuerg mam Trail kombinéiert.

Wann een d'Schell beim Depart respektiv der Arrivée a Beweegung setzt, dann heescht dat, dass een heem an d'Bett schlofe geet. Véier Leefer hunn d'Schell op dëser éischter Editioun zu Conter net benotzt. Si hunn d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, déi 26 Stonnen an der Kompetitioun ze bleiwen an 176 Kilometer mat am Ganze 4.200 Meter Héichten-Ënnerscheed zréckzeleeën.

Back to Top
CIM LOGO