
Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien net Chirurg ginn ass, well hien ze vill haseleg ass, an do ass eng Dier déi hien iwwersinn huet an eng Nues déi gebrach ass nach dat Harmloost.
Et geet ëm säin Bopa deen Doudelueden gemaach huet an seng Zäit wou hien an Amerika gelieft huet an och op zimmlech geféierlechen Plazen ënnerwee war. De Medezinner huet awer och schonn en Nobelpräisdréier bei sech Heem invitéiert an huet de fréieren amerikanesche Präsidentschaftskandidat John McCain kennegeléiert.
Säin Accident mat engem Bus zu Bréissel, säin fussballerescht Talent dat him e Präis an e gebrachene Fouss abruecht hunn an dass e keen Blutt gesi kann, sinn aner flott Momenter vum Gespréich.
Piano: Marc Schmidt
Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.