Vill Fans virun der RockhalTokio Hotel zu Lëtzebuerg

Loïc Juchem
No hirem leschten Optrëtt 2017 am Grand-Duché steet déi däitsch Band e Mëttwoch den Owend nees op der Bün an der Rockhal. Dem Atelier no, deen de Concert organiséiert, si ronn 6.000 Fans mat dobäi. Och d'Heidi Klum ass mat op Lëtzebuerg gereest.
Tokio Hotel zu Lëtzebuerg - Vill Fans virun der Rockhal
Bei hirer Arena-Tour duerch Europa mécht déi däitsch Band och e Stopp am Grand-Duché

Et ass net déi éischte Kéier, datt Tokio Hotel zu Lëtzebuerg sinn. Schonn 2008, 2010, 2012 an 2017 waren déi véier Museker am Grand-Duché. Besonnesch an Erënnerung bliwwen ass de Concert vum 5. November 2010. Deemools haten eng Partie Fans esouguer e puer Deeg virun der Rockhal campéiert, fir sech eng Plaz an der éischter Rei ze sécheren.

Tokio-Hotel-Fans an hir Erwaardungen / Loïc Juchem

Och haut ass d'Begeeschterung fir déi däitsch Band grouss. De Mëttwoch de Moien um 6 Auer moies stounge scho puer Fans virun der Dier. Däitlech manner awer, wéi nach 2017. Verschidde Fans haten iwwer e speziellen Ticket esouguer d'Méiglechkeet, de Bill, den Tom, de Georg an de Gustav bei engem Meet & Greet perséinlech ze treffen.

Tokio Hotel sinn aktuell op enger europäescher Arena-Tour. Am Ganze sti 17 Concerten an zéng europäesche Länner um Programm. Lëtzebuerg ass eng vun de Statiounen.

"Heidi is in the house!"

Eng prominent Begleedung huet d'Band och mat dobäi: d'Heidi Klum. De Superstar ass zanter e puer Deeg mat hirem Mann Tom Kaulitz an der Band ënnerwee a léisst hir Follower op de soziale Medien dorunner deelhuelen. Och e Mëttwoch huet si op Instagram puer Andréck gedeelt: mam Privatjet goung et vu München op Lëtzebuerg an duerno an de Backstage-Beräich vun der Rockhal.

Fir Tokio Hotel ass et domat e Retour op eng Bün, op där si schonn e puer Mol fir Begeeschterung gesuergt hunn. An och bal zwee Joerzéngten no hirem groussen internationalen Duerchbroch zitt d'Band nach ëmmer Dausende Fans un.

Back to Top
CIM LOGO