
Tëscht September an Oktober goufen eis vun der Police véier Virfäll gemellt, wéinst deene si a Spideeler missten intervenéieren, well Patienten net just eng Gefor fir sech, ma och fir d'Spidolspersonal an aner Patiente waren. D'Virfäll aus dem Policebulletin waren an der Reegel nuets, dacks an den Urgencen, an an deene meeschte Fäll waren Alkohol oder Drogen am Spill. Dräi vun de véier Fäll waren zu Esch, ee war um Kierchbierg.
Mir hunn also an de Spideeler nogefrot: sinn Aggressioune géint Spidolspersonal wierklech ee Phenomeen, dat ëmmer méi dacks virkënnt? Wat kënnen d'Mataarbechter an den Urgencë maachen, fir sech ze schützen, a wat maachen dës Virfäll mat der Moral vun de Spidolsmataarbechter, deenen hire Beruff et jo eigentlech just ass, Leit ze hëllefen?
Vun der Police war et op eis Ufro d'Réckmeldung, datt si d'Zuel vun den Interventiounen a Spideeler net separat erfaassen. Si kéinten dohier keng "statistesch fundéiert Ausso dozou maachen, ob esou Virfäll an de Spideeler aktuell zouhuelen oder wéi eng Spideeler oder Beräicher am meeschte betraff sinn." Dacks wieren an de Fäll, an deene si geruff ginn, awer Alkohol oder Drogen am Spill.
Nach laang net all Aggressioun géint d'Spidolspersonal gëtt offiziell deklaréiert oder kulminéiert souguer an enger Interventioun vun der Police. An der Reegel gëtt an engem éischten Ament probéiert, de Konflikt en interne ze deeskaléieren. Vun den dräi Spideeler, déi op eis Ufro reagéiert hunn, war et allerdéngs iwwerall de Constat: d'Leit hu manner Gedold. D'Hemmschwell, hir Frustratioun um Spidolspersonal auszeloossen, wier erofgaangen.
Vum CHEM krute mir konkret Zuele matgedeelt. Déi deklaréiert Aggressioune sinn dëst Joer staark geklommen, vun 90 am leschte Joer op elo schonn 122 tëscht dem 1. Januar an dem 9. Oktober. De Probleem vun de verbalen Aggressioune wier ee "massive Phenomeen" mat enger "Explosioun vun de Fäll am Joer 2026", heescht et am Bilan vum Spidol. Goufen et am Joer 2023 53 Fäll, waren et der dëst Joer am Spidol zu Esch schonn 106.

Och bei de physeschen Aggressioune liese sech d'Zuelen net gutt. 2026 goufen am CHEM bis ewell 34 Schléi, 19 Fäll vu Leit, déi anerer gestouss hunn, 14 Fäll, an deene gebass, gespaut oder gekraazt gouf, an fënnef Fäll, an deene Saache geheit goufen. "Schro Aggressiounen, wéi Beréierungen (dräi am Joer 2024 a véier am Joer 2025), Immobilisatiounen (2023: 2, 2024: 6, 2025: 3, 2026: 1) a Strangulatioun (2026: 1) sinn an der Hausse zanter 2023", ass am Bilan vum CHEM ze liesen. Dobäi ass awer och ze bedenken, datt am Dag an der Moyenne 265 Patienten duerch d'Urgence passéieren - d'lescht Joer insgesamt 96.850.
Och bei den Hôpitaux Robert Schuman constatéiert een zanter e puer Joer eng Hausse vun de Fäll, confirméiert eis d'Sandra Lopes, Responsabel vun den Urgence vum Grupp. Si ass zanter 20 Joer am Service. D'Zuelen, déi si intern gesammelt hätten, wieren allerdéngs keng Reflexioun vun der tatsächlecher Realitéit um Terrain, well d'Personal nei all Fall géif mellen. "Si sinn dat esou gewinnt, oder mir si esou an engem Stress, dass mer d'Zäit net huelen, fir all Episod ze repertoriéieren."
Am CHdN constatéiert een zwar keng Hausse bei de Fäll vu physescher Gewalt, ma verbal Aggressiounen a Menace géifen awer liicht eropgoen. Ma och hei wier et schwéier, konkret Zuelen ze nennen, well sech just déi gemellt e Virfäll och quantifizéiere loossen.
Virun allem an den Urgencen, wou d'Waardezäite fir Patienten, déi mat engem vergläichsweis klenge Problem erakommen, dacks laang kënne sinn, huet d'Verständnis fir aner Patienten ofgeholl. Dem CHdN no misst een hei awer tëscht zwou Situatiounen ënnerscheeden: a verbal Aggressioune wéinst Onzefriddenheet, a Gewalt am Zesummenhang mat enger medezinescher oder psychiatrescher Krankheet. "Vill Leit sinn haut méi op hir eege Situatioun konzentréiert a manner bereet ze akzeptéieren, datt anerer virgezu ginn. Dobäi kommen heiansdo falsch Erwaardungen un eng Urgence", heescht et aus dem CHdN.
Änlech Téin sinn och aus dem CHEM an den Hôpitaux Robert Schuman ze héieren, wou ee konstatéiert, datt de Prinzip vum Triage net vun all Mënsch acceptéiert gëtt. An den Urgencen ass et jo de Prinzip, datt Leit mat schlëmme Blessuren oder Kränkte fir d'éischt dru geholl ginn - och wann dat bedeit, datt Leit mat manner schlëmme Saache musse laang waarden. "Komescherweis - Dir hutt elo déi geschwollen Zéif, den agewuessen Nol ugeschwat - muss ech soen, sinn d'Tendenz, fir d'Gedold ze verléieren, do méi grouss ass, wéi wann Dir een hutt, dee mat engem Häerzinfarkt erakënnt", seet de Romain Schockmel, medezineschen Direkter am CHEM.
Wat de Patient méi informéiert wier, wat een esou Situatiounen éischter kéint virbeugen, erkläert den Dr. Schockmel. "Dat ass zum Beispill eng vun den Ursaachen: wann een elo zwou Stonne laang waart, do geschitt näischt, et weess een net wat ass - da staut dat sech un. An déi Situatioun probéiere mer scho virzegräifen, andeem mer dann dem Personal Informatioune ginn. An dat ass den Haaptfacteur, wou mer wëllen awierken." Am HRS iwwerleet een esouguer op de Wee vun enger App ze goen, iwwert déi de Patient an eventuell och Familljememberen zu all Moment iwwert de Status am Waardesall kënnen informéiert bleiwen.
Ee vun de Probleemer ass awer och - nieft deem vum allgemenge Personalmangel an de medezineschen Déngschter - datt d'Urgencen dacks nach ee Sammelbecke fir vill Patiente sinn, déi genee geholl emol net all missten do sinn. D'Katharina G., Infirmière an der Urgence vum CHEM, sot eis dozou, d'Leit missten och um nationalen Niveau dorobber sensibiliséiert ginn, wéi de Service funktionéiert a wéini ee wierklech an d'Urgence gehéiert. Vill Patiente wieren zum Beispill och schonn an enger Maison medicale gutt opgehuewe gewiescht.
Da gëtt et awer och nach deen zweete Fall: Aggressiounen ausgeléist duerch Alkohol- an Drogemëssbrauch, psychiatresch Krankheeten oder och Erkrankunge wéi Demenz. "Ech si ganz éierlech: alkoholiséiert Patienten, drogenofhängeg Patienten, Leit, déi d'Sprooch net kënnen, déi ginn och frustréiert oder si gi méi gewalttäteg mat de Wierder an heiansdo leider och physesch. [...] Wa mir zum Beispill ee Patient mat enger Ambulanz kréien, deen dobausse randaléiert huet, an d'Police schéckt hie mam CGDIS bei eis, dat sinn awer Leit, déi vill psychologesch Betreiung brauchen", erkläert eis d'Sandra Lopes vun den HRS.
Dës Patiente missten da vun den Infirmièrë berouegt ginn, wat dann nees Repercussiounen op d'Waardezäit vun deenen anere Leit hätt. "Dat ass meeschtens weekends, nuets, bei vill esou Fester, bei Jugendlechen och. A jo, mir hunn och reegelméisseg Patienten, déi bei eis kommen, well se soss net wëssen, wou se sollen higoen."
Ee vun de Probleemer wier der Sandra Lopes vun den HRS no, datt déi psychiatresch Struktur ausserhalb vun de Spideeler nach net genuch developpéiert wier. "Mir hunn och e Sécherheetsagent, dee wierklech fir d'Urgencen dediéiert ass. Deen ass och ëmmer sur place. Mä dee geet heiansdo net duer, wa mir do tëschent Drogenofhängeg a psychiatresch Patiente sinn."
Et misst een der Sandra Lopes no "och vläicht fir un Infrastrukturen denken, wou zum Beispill déi alkoholiséiert Patienten, déi ouni Adress sinn, kéinten iergendwann ausserhalb vun de Spideeler betreit ginn, mat Fleegepersonal, dat dofir och geschoult ass." Eng méiglech Léisung gesäit déi Responsabel fir d'Urgencen an den HRS doranner, ee "Soziale Samu" anzeriichten. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez hat am Summer matgedeelt, datt un esou engem géif geschafft ginn, ma eng entspriechend Motioun vun deene Grénge gouf am Juli nach mat 35 géint 25 Stëmmen ofgeleent.
Aggressiounen op der Aarbechtsplaz kënne séier demoraliséieren, virun allem, wann een u sech geschoult ass, fir Leit ze hëllefen. Als mat dat bescht Mëttel dogéint hunn d'Gespréichspartner aus deenen dräi Spideeler eis den Esprit d'équipe genannt, deen et an de betraffene Servicer géif ginn. Et géif een iwwer Erliefnesser schwätzen a sech géigesäiteg ënnerstëtzen.
"Dat wat ganz gutt ass, datt mer wierklech net eleng sinn um Terrain, datt mer wierklech eng grouss Ekipp sinn, an och den Austausch fënnt zimmlech schnell statt. Wann eng Aggressivitéit deklaréiert gëtt, gi mer och kontaktéiert vum Psychologue de travail, wou mer och ugeschwat ginn, ob mer Hëllef oder Gespréich brauchen", sot d'Infirmière Katharina G. iwwert hir Ekipp an der Urgence vum CHEM. De medezineschen Direkter am Spidol Dr. Romain Schockmel huet an deem Kader net mat Luef fir d'Personal gespuert: "De Service huet ee Courage civil, deen net ze ënnerschätzen ass."
Och an den HRS kënnen d'Ekippen op psychologesch Hëllef zeréckgräifen a schwätzen ënnerteneen iwwer Virfäll. "Zesumme fanne mer och meeschtens eng Léisung", esou d'Sandra Lopes. Aus dem CHdN heescht et, Aggressiounen wieren ëmmer nees Thema an der Ekipp. Am Schlëmmste wiere fir d'Personal perséinlech Menacen. "Et soll een dat net schéi rieden: si sinn eng Belaaschtung." Och hei setzt een dowéinst nieft Deeskalatiounstraining och op systematesch Debriefingen no Aggressiounen a bitt de Mataarbechter eng Ulafstell, wou si "professionell Ënnerstëtzung ufroe kënnen, sief et emotional Ënnerstëtzung oder Coaching."