Veterinärsinspektioun confirméiertWallaby-Känguru Sammy ass dout

RTL Lëtzebuerg
Eng gutt zwou Woche war nom Wallaby Sammy gesicht ginn, éier en den 19. Juni agefaange konnt ginn. Elo koum déi traureg Nouvelle, datt de Känguru dout ass.

Ufank Juni war de Wallaby Sammy vu sengem Doheem an der Géigend vun Iechternach fortgelaf. Bal zwou Woche war probéiert ginn, d’Déier erëm anzefänken, éier et den 19. Juni du geklappt hat an de Känguru erëm zréck bei seng Besëtzer koum.

D‘Fra, déi u sech keng Autorisatioun hat, fir de Sammy a seng Famill Doheem ze halen, sollt déi néideg Demarchen dofir elo maachen. Ma dozou sollt et fir de Sammy also elo net méi kommen. Wéi d’Veterinärsinspektioun RTL en Dënschdeg confirméiert, ass de Wallaby gestuerwen. Detailer zu der Doudesursaach, soll et e Mëttwoch vun der Veterinärsinspektioun ginn.

De Sammy gouf ëmmer nees vu Leit an Automobiliste gesinn.
De Sammy gouf ëmmer nees vu Leit an Automobiliste gesinn.
© RTL Archiv

RTL-News: Sammy dierf virop doheem bleiwen: Proprietärin muss nodréiglech eng Autorisatioun ufroen
RTL-News: Wallaby agefaangen: De Sammy ass nees Doheem!
RTL-News: Sammy de Känguru: Déi ganz Geschicht mam Happy End (24.6.24)

Back to Top
CIM LOGO