Déi ganz Geschicht mam Happy End
Verschidde Leit hunn net schlecht gestaunt, ewéi se an der lescht mam Auto oder zu Fouss ënnerwee waren, an engem Känguru begéint sinn.
Mä wat huet et zu Lëtzebuerg gemaach? Et koum een zwar scho vun eleng drop, datt et wuel iergendwou fortgelaf ass, mee vu wou?
Et klengt bal wei e Märchen: et war emol e klenge Känguru mam Numm Sammy, deen an der Géigend vun Iechternach sech aus dem Stëbs gemaach huet. Zanter ville Jore wunnt a lieft hien hei mat senge Geschwëster a genéisst eist Klima. De Sammy ass e Wallaby-Känguru, eng Rass, déi een och am Parc Merveilleux zu Beetebuerg fënnt. Hire Veterinär Dr. Guy Willems erkläert eis, dass esou een Déier mat eisem Klima eens gëtt an dass et keng Geforen, weder fir de Sammy, nach fir d'Leit gëtt, déi em kéinte begéinen. Esou een Déier huet Angscht a leeft ëmmer fort wann een him ze no kënnt.
De Sammy war also op Entdeckungsrees an de Bëscher ronderëm Iechternach, Konsdref an Ëmgéigend. Ëmmer nees ass en opgetaucht a gouf vun de Leit emol do, emol hei gesinn. Dëst gouf natierlech direkt op de soziale Medie gedeelt, an esou gouf de Sammy lues a lues zu Lëtzebuerg bekannt.
Op Nofro vun der Proprietärin bei enger Déiereschutzorganisatioun ass den Daniel Frères mam Proprietär an enger klenger Ekipp vu 5 Mann ëmmer nees dohinner kucke gaangen, wou e fir d'lescht gesi gouf, fir en anzefänken, mee dat war net esou einfach. Iwwer 60 mol si si erausgefuer, awer ëmmer ouni Erfolleg.
Leschten Donneschden ass en awer dunn nees agefaange gi vun der Proprietärin an der Déiereschutzorganisatioun. Eng Aktioun, déi och am Parc Merveilleux zu Beetebuerg, normalerweis probéiert gëtt ze vermeiden, well e Känguru en ängschtlecht Déier ass a well dat net esou einfach ass, ouni natierlech dem Déier wéizedoen.
Elo ass de Sammy nees bei senge Geschwëster a senger Famill an elo ginn et nach e puer administrativ Froen ze klären, d'Veterinärsinspektioun këmmert sech ëm de Rescht.
D’Proprietärin wollt weider net méi am Gespréich bleiwen, mee huet eis confirméiert, dass et dem Sammy gutt geet. Eent ass awer sécher: eise lëtzebuergesche Känguru Sammy wäert sech nach laang un déi eng an eng hallef Woch Fräiheet am Bësch an an de Geméisgäert erënneren.