Proprietärin muss nodréiglech eng Autorisatioun ufroen

© Image Facebook / Daniel Frères
Iwwert eng Woch laang war de Wallaby Sammy am Oste vum Land op fräiem Fouss. Elo ass d'Déierchen nees am Stall an a Sécherheet.
D'Proprietärin vum Sammy huet eis e Mëttwoch den Owend confirméiert, datt d'Déier nees konnt agefaange ginn. Et géif ëm gutt goen, seet eis d'Besëtzerin. Ëm kuerz virun 22 Auer um Mëttwoch den Owend gouf den erfollegräichen Enn vun der laanger Sich iwwer Facebook matgedeelt.
Dem Direkter vun der Veterinärsinspektioun Felix Wildschutz no gouf de Sammy e Mëttwoch den Owend vun enger privater Déiereschutzorganisatioun agefaangen an duerno vun engem Veterinär gedéit. Dat sot hien en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.
De Sammy ass also rëm doheem. Mä offiziell ass d'Déier awer elo vun den Autoritéite saiséiert, well d'Proprietärin keng Autorisatioun hat, fir et ze halen. D'Fra muss déi Geneemegung elo nodréiglech ufroen an e ganzen Dossier beim Landwirtschaftsministère era ginn, ob si de Wallaby aartgerecht hale kann. D'Veterinärsinspektioun géif dann op Basis vun deem Dossier en Avis schreiwen, sou de Felix Wildschutz. Dat lescht Wuert hätt dann de Landwirtschaftsministère, fir eng Autorisatioun ze ginn oder net. An et gesäit den Ament duerno aus, wéi wann dat de Fall wier.
D'Veterinärsinspektioun war och schonn op der Plaz, fir sech d'Konditiounen unzekucken. Op den éischte Bléck wier souwäit alles an der Rei gewiescht, seet den Direkter. Den Terrain wier grouss genuch, d'Wallabyen hätten z'iessen an och en Ënnerstand. Sou datt et a priori géif positiv ausgesinn, wéi wann d'Fra de Sammy an déi aner Déieren och weider doheem hale kann an eng Autorisatioun duerfir kritt. Et wéilt een allzäit séier Kloerheet schafen, sou de Felix Wildschutz.
Sollt den Avis negativ ausfalen, géif de Sammy ewech geholl ginn, fir dann an en Déierepark oder en Zoo ze kommen. Hei am Land kéim heifir just de Parc merveilleux zu Beetebuerg a Fro, dee sech prinzipiell och bereet erkläert huet, en opzehuelen.

© Image Facebook / Daniel Frères
An der Woch, an där de Wallaby-Männchen duerch den Oste vum Land gehoppelt ass, hat hie vir allerlee Opreegung gesuergt. Den ACL huet fir de Raum Iechternach missen Trafic-Warnunge wéinst dem Déier erausginn, an de Wallaby war souguer Thema an der Chamber. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hat d'Leit dozou opgeruff, sech net op eege Fauscht op d'Sich nom Déier ze maachen, ma et der Police ze iwwerloossen.
An de soziale Medie war de Sammy den Hit an op der Video-Plattform YouTube gouf him souguer schonn ee ganzt Kannerlidd dediéiert. Am Refrain heescht et: "Hey Sammy, hey Sammy, komm dach nees heem! Mir vermëssen dech hei, wëlls du net bei eis sinn?" D'Lidd wier komplett mat KI gemaach ginn, huet eis de Createur erzielt. Den Timing hätt iwwerdeems net kënne besser sinn: d'Nouvelle, datt de Sammy nees doheem wier, koum kuerz nodeems de Video eropgeluede gi war.