
D’Proprietärin vum Sammy huet eis e Mëttwoch den Owend confirméiert, datt d’Déier nees konnt agefaange ginn. Et géif ëm gutt goen, seet eis d’Besëtzerin. Ëm kuerz virun 22 Auer um Mëttwoch den Owend gouf den erfollegräichen Enn vun der laanger Sich iwwer Facebook matgedeelt.
An där Woch, an där de Wallaby-Männchen duerch den Oste vum Land gehoppelt ass, hat hie vir allerlee Opreegung gesuergt. Den ACL huet fir de Raum Iechternach missen Trafic-Warnunge wéinst dem Déier erausginn, an de Wallaby war souguer Thema an der Chamber. D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hat d’Leit dozou opgeruff, sech net op eege Fauscht op d’Sich nom Déier ze maachen, ma et der Police ze iwwerloossen.

Wéi et elo mam Sammy weidergeet, ass iwwerdeems nach net am Detail bekannt.
RTL-News: Veterinärsinspektioun: Bis ewell gouf keng Autorisatioun ausgestallt, fir e Känguru halen ze dierfen
RTL-News: Zu Konsdref gesinn: Buergermeeschter bestätegt, dass e Känguru sech duerch d’Bascht gemaach huet
RTL-News: Tëscht Lauterbuer a Méchelshaff: Nei Videoe vum Sammy