D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Am September 2021 ass de Frank Feitler mam nationalen Theaterpräis ausgezeechent ginn. Am Gespréich mam Dan Spogen, dem Mike Fandel, dem Raoul Roos an dem Shari Schenten verzielt de fréieren Direkter vum Groussen Theater a vum Kapuzinertheater, awer och dovun, wéi seng Léift zum Kino zu Esch koum.

Hien erënnert sech u seng Kannerzäit zu Bäerdref, wou säi Papp Schoulmeeschter war, an un Heidelberg, wou hien no enger Demo verhaft gi war. Rieds geet och vu senger memorabeler Zäit als Proff zu Iechternach, wéi hien zu Basel um Theater war, a wéi hie mam Isabelle Huppert a Michel Piccoli Zopp giess huet.

Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

RTL