Trump vs. Biden
An den USA hunn d'Walen ugefaang
Déi éischt Walbüroen hunn am Oste vum Land opgemaach. Dorënner New York, Virginia, New Jersey a Connecticut.

Mat der Ouverture vu klenge Walbüroen am Bundesstaat New Hampshire huet en Dënschdeg um Hallefnuecht Lokalzäit de Wal-Dag an den USA ugefaangen. Als alleréischte Walbüro ass deen zu Dixville Notch opgaangen, en Duerf mat 12 Awunner, dat un der kanadescher Grenz läit. Zanter 1960 gëllt dëse Büro traditionell als “first in nation” bei Presidentschaftswalen.

De Vott zu Dixville Notch war dann och séier ofgeschloss dëst Joer. Et goufe 5 Stëmme fir de Biden, an 0 fir den Trump.

Zu Dixville Notch, am Bundesstaat New Hampshire, konnt als éischt gewielt ginn
Zu Dixville Notch, am Bundesstaat New Hampshire, konnt als éischt gewielt ginn

En Dënschdeg am Nomëtteg maachen dann och d’Walbüroen am Weste vun den USA op. Hawaii an Alaska sinn als läscht un der Rei. Kruzial sinn d’Walresultater ënnert anerem an de Bundesstaaten Florida, Texas, Pennsylvania a Wisconsin.

© afp

Iwwer 96 Millioune Bierger hunn hir Stëmm awer schonn am Virfeld oder per Bréifwal ofginn. Ëmfroen no läit den demokratesche Kandidat Joe Bidden virum aktuelle President Donald Trump. Een endgültegt Resultat kéint awer och eréischt an e puer Deeg feststoen.

Den US-Korrespondent Philip Crowther
An de meeschte Sondage läit de Biden virum Trump. Ma wat sinn dës Ëmfroe wäert?

© RTL-Grafik

Wéi verhale sech béid Kandidaten?

Den aktuellen US-President Donald Trump rifft via sozial Reseauen d’Leit op ze wielen.

An och säi Géigner, de Kandidat vun den Demokrate mécht nach emol Pub fir sech an en Appell un d’Wieler.

Wéi ass äre Pronostic?

Klickt hei, fir op de kompletten Dossier “US-Walen” ze kommen

Back to Top
CIM LOGO