
De Christian Schmit mat den Detailer.
Hiren Design-Direkter Toby Ecuyer mengt emol, dass de Cahier de charges ganz simpel war.
„Nous avons entrepris de concevoir un 4 X 4 moderne, fonctionel, et ultra performant, pragmatique avant tout »
A mengt dass de Grenadier genee dat wier, wat ee vun him verlaangt. En Aarbechtsdéier ouni Chichi, souverän an alle Situatiounen, op, a virun allem nieft den asphaltéierte Stroossen.
Ënnert dem Capot Knowhow op héijem Niveau, Moteure komme beispillsweis vu BMW mat 3 Liter 6 Zylinder Bensinner oder Diesel. ZF, Zahnradfabrik vu Friedrichshafen wäert eng 8-Gang-Automatik an Tout-terrain Technik uliwweren.
Bei Magna Steyr zu Graz gëtt de 5m laange Grenadier entwéckelt, deen och als Pick-Up geplangt ass. Di éischt Prototype rulle schonn.
Robuste britteschen Esprit trëfft hei op däitsch Ingenieurskonscht. De Grenadier 4X4, e Partner fir duerch Déck an Dënn, ouni Kompromësser.
Ugangs Juli koum och elo d’Nouvelle dass de President vun Ineos, de Milliardär Jim Ratcliffe mat Mercedes Benz a Verhandlunge stéing, fir sech zu Hambach néierzeloossen. Do wou elo nach Smart vum Band leeft.
Nissan Ariya
Leschte Mëttwoch huet Nissan den Ariya virtuell presentéiert. Aus dem neie Nissan Pavillon zu Yokohama eraus an d’Welt. De Crossover Coupé, 100 % elektresch, laut eng nei Ära an. Gläichzäiteg soll et och di nei Identitéit vun Nissan Elektroautoe weisen.
Et gouf sech ganz staark um Conceptcar vum leschten Auto Salon zu Tokio inspiréiert. Anerer dokteren nach un hirem Elektro-Modell, mee de japanesche Konstrukteur hat scho virun 10 Joer de LEAF lancéiert. Deen huet ni e Schéinheetspräis gewonnen, mee elo mam Ariya ginn et elegant Linnen an en attraktiven Design.

Bannena sollen Chauffer a Passagéier an enger Genre Luxus-lounge op den Tour goen. Natierlech gekoppelt mat der neister Technologie a Saache Confort, Connectivitéit, Assistenz Systemer a Sécherheet.
Zwee Batteriesystemer mat 63 kw/h an 87 kw/h kommen a Fro. Déi leschtgenannte Versioun erlaabt dann och eng Autonomie, déi un der 500km Barrière dierft krazen.
Gutt News fir d’Frënn vum Caravan Salon
Stand haut dierft et eng Editioun 2020 um Düsseldorfer Messegelände ginn. Parallel ass och d’Fräizait-Foire Tour Natur fir ugangs September programméiert.
Eng Woch méi spéit wéi gewinnt, vum 4. bis den 13. September, mee dofir krut een awer gréng Luucht vun der Landesregierung Nordrheinwestfalen.
E neit Hygiène- an Halekonzept hätt ee sech ausgeduecht, an esou kommen di neisten Innovatiounen a Modeller aus der Reesbranche op enger, zwou oder 4 Achsen un de Rhein.
Informatiounen an Online Ticketen ginn et op www.caravan-salon.de