Automag - Genetesch grondsätzlech falsch, an awerLotus Eletre X

Dominique Riefstahl
Lotus war bekannt fir Liichtbau a Fuerspaass. Elo am Test en 2,5 Tonne schwéieren SUV mat bal 1.000 PS. Kann déi Kombinatioun iwwerzeegen?

Ech hunn SUVen net gär. Net well se SUVe sinn, mee well se schonn duerch hir Genetik alles falsch maachen, wat mäi Racing-Puristen-Häerz fir e gudde Fuerauto als fundamental ugesäit. Héich Mass, héije Schwéierpunkt, grouss Dimensiounen. Dräi Eegenschaften, déi am direkte Géigesaz zu deem stinn, wat ee fir gutt Fuerdynamik brauch. Méi Mass bedeit méi Inertie, méi héije Schwéierpunkt bedeit méi Gewiichtsverlagerung, an déi ganz Physik muss bei all Bremsmanöver an all Richtungswiessel erëm nei iwwerzeegt ginn, datt dat hei eng gutt Iddi ass.

© Lotus

Aus engem SUV e Sportauto ze maachen ass wéi aus engem Nilpäerd e Rennpäerd ze ziichten. D'Genetik ass einfach net op denger Säit. An da probéieren d'Hiersteller dat Ganzt mat ëmmer méi breede Pneuen, elektronesche Wonnerwierker a vill kW ze kompenséieren.

Do kënnt dann och elo Lotus, eng Mark, där hire Grënner Colin Chapman bekanntlech no engem ganz einfache Prinzip geschafft huet: Simplify, then add lightness.

An déi bauen elo en SUV mat bal 1.000 PS, enger riseger Batterie, engem Bensinnsmotor an engem Gewiicht jenseits der 2-Tonne-Grenz. Dat ass net einfach nëmmen e Widdersproch. Dat ass bal Héichverrot un der eegener DNA.

Undriff – d'Physik huet haut Congé

"Bal 1.000 PS."

Loosse mer déi Zuel emol kuerz wierken. Dat war virun net allze laanger Zäit d'Leeschtung vun engem Bugatti Veyron. Engem Hypercar, deen deemools d'Welt op d'Kopp gestallt huet. Haut kritt een déi Leeschtung an engem Familljen-SUV, mat genuch Plaz fir Kanner, Gepäck an de Wochenakaf.

Mee déi 952 PS sinn net einfach nëmmen eng Zuel fir um Staminet. Et ass eng fir op en Alpepass. Do, wou normal Autoe mat all Héichtemeter e bëssen Otem verléieren, schéngt den Eletre X éischter nach méi motivéiert ze ginn. De Moment, wou een aus enger enker Kéier erauskënnt an de rietse Fouss méi déif an den Teppech dréckt, ass einfach absurd.

© Lotus

Et ass net déi klassesch Beschleunegung, wou e Motor ufänkt ze jäizen an d'Leeschtung progressiv opbaut. Et ass éischter wéi wann een d'Landschaft mat engem risege Gummiband no hanne katapultéiert. An dat an engem Auto, an deem hannen d'Kanner nach ëmmer gemittlech hir Tablette kucken, amplaz den Alpenpanorama ze genéissen.

Et ass esou onnéideg an esou herrlech.

© Lotus

Et gëtt och e klenge Brudder mat „nëmmen“ ronn 500 PS. Déi selwecht Batteriekapazitéit, dat selwecht Dréimoment an, wat déi gefillte Fuerleeschtungen ugeet, erstaunlech no um grousse Modell. Do stellt sech natierlech d'Fro, ob déi knapp 25.000 Euro Oppräis fir de groussen X, mat senge gréissere Bremsen, aktive Stabilisatoren an e bësse Carbon, wierklech gutt investéiert sinn.

D'Journalistesch Tendenz: éischter net. Dës Ausso ass allerdéngs mat Virsiicht ze genéissen. Ech sinn déi 500-PS-Versioun just ganz kuerz op engem klenge Stéck Schwäizer Autobunn gefuer, also quasi mat zwou gebonnen Hänn. Fir e fundéiert Urteel iwwer déi Versioun geet dat net duer. Dës Aschätzung baséiert dofir op de Meenunge vu ville Beruffskolleegen, déi béid Modeller ausféierlech gefuer sinn.

Chassis – La pièce du boucher!

Komme mer bei dee Punkt, deen dësen Auto fir mech esou aussergewéinlech mécht.

Ech hat viru Kuerzem den Denza Z9 GT ënnert dem Hënner. Nach méi Leeschtung, nach méi technesch Ambitiounen an eng beandrockend Demonstratioun dovunner, datt 1.000+ PS ouni e Chassis, deen déi Leeschtung kontrolléiere kann, séier a Richtung Kamikaze ginn. Leeschtung eleng mécht nach laang kee gudde Fuerauto. Heiansdo ass se éischter e Rezept fir Doudangscht.

An hei kënnt deen Ënnerscheed, deen een net an enger technescher Tabell fënnt:
Lotus weess, wéi een e Chassis baut.

© Lotus

Op enger schmueler Alpenstrooss sollt esou e Koloss eigentlech ongeféier esou vill Spaass maachen, wéi mat engem Croisièresschëff duerch den Äischdall ze navigéieren.
Mee de Lotus pecht um Asphalt, léisst sech mat erstaunlecher Präzisioun an d'Kéiere setzen a vermëttelt dobäi esou vill Vertrauen, datt een ëmmer méi Tempo mat an déi nächst Kéier hëlt. Ouni dat Gefill, datt am Hannergrond eng Arméi vun elektroneschen Helfer verzweiwelt probéiert, eng Naturkatastroph ze verhënneren. Bis ee beim nächsten Iwwerhuelmanöver nees drun erënnert gëtt, datt een net an enger Elise sëtzt. D'Mass kann de Chassis verstoppen, mee déi riseg Breet bleift. An op enger schmueler Alpenstrooss ass dat net ëmmer en Detail.

A wann ee mengt, elo hätt een de Koloss duerchkuckt, weist en nach eng aner Säit. Gëtt een aggressiv an eng Kéier eran, kann den Heck sech beim Alenke liicht matbeweegen. E bëssen Turn-in-Oversteer, grad genuch, fir dem Auto eng respektafléissend spilleresch Säit ze ginn. Dat ass gutt kontrolléierbar a mécht engem erfuerene Pilot richteg Freed. Iwwerraschend ass déi Eegenschaft bei engem esou schwéieren SUV allerdéngs net. Wann d'Mass bis a Beweegung kënnt, kann d'Heck séier säin eegene Kapp kréien. Dat kann ee mat e bësse Gefill esouguer provozéieren, mee et verlaangt och Respekt. De Lotus mécht et engem erstaunlech einfach, déi Reaktioun anzeschätzen an ze kontrolléieren.

D'Physik ass also nach do. Lotus huet se just iwwerzeegt, fir e bëssen ze kooperéieren.

Interieur – Luxus mat China-Syndrom

Am Interieur gëtt et am Ufank emol wéineg ze kritiséieren. D'Materialien, d'Veraarbechtung an d'ganz Atmosphär si wierklech op engem héijen Niveau. Alles fillt sech zolidd, luxuriéis a mat vill Opmierksamkeet fir den Detail zesummegesat un. Hei ass näischt méi vum spartanesche Lotus, wou een d'Gewiicht vun engem Teppech diskutéiert huet.

© Lotus

Mee leider huet och dëse Lotus e Problem, deen ech bei modernen Autoen ëmmer méi dacks gesinn: D'Designer hu sech esou vill Gedanken doriwwer gemaach, wéi alles soll ausgesinn, datt si deelweis vergiess hunn, wéi et sech soll ufillen. Besonnesch d'Knäppercher um Steierrad sinn eng Enttäuschung. An engem Auto, deem säi Chassis esou präzis Feedback gëtt, ass et bal ironesch, datt d'Bedienelementer direkt virum Pilot esou wéineg taktil Réckmeldung liwweren. Huet een elo gedréckt? Huet den Auto et verstanen? Muss ech nach eng Kéier? Dat sinn net déi Froen, déi ech mer wëll stellen, wann ech grad bal 1.000 PS duerch eng Alpenkeier dirigéieren.

© Lotus

An da wier do nach d'Menüféierung. Hei kënnt déi nei chineesesch Hierkonft vum Lotus leider e bëssen ze däitlech duerch. Vill Funktiounen, vill Ënnermenüen mee ze wéineg direkten Zougrëff op dat, wat ee wierklech benotzt an eng Deviatioun vun deem wat ech als logesch verstinn op verschidde Funktiounen an un direkten taktillen Kontrollelementer. Ech wëll mäin Auto op meng Manéier astellen an déi Astellungen dann einfach erëmfannen. Am beschte mat engem, maximal zwee Klicks. Net all Kéier eng kleng digital Schatzsich organiséieren.

D'Hardware ass op Weltklassniveau. Den Infotainment huet nach Hausaufgaben a wat iergert ass dass Lotus dee Feedback beim rengen Elektriker um Launch och schonns krut.

Autonomie – 800 Kilometer? Jo, wierklech.

Bei den offizielle Reechwäite vu Plug-in-Hybride sinn ech éischter skeptesch. Ronn 800 Kilometer Systemreechwäit sinn hei awer reell méiglech. Dat ass net eng Zuel, déi ech aus engem Prospekt ofgeschriwwen hunn, mee ech hu se gefuerdert a confirméiert, an dat bei vollem, Autobahn™ gepréiftem Asaz. An dat ass fir esou en Auto eng formidabel Leeschtung.

© Lotus

Besonnesch interessant ass, wéi den Hybridsystem mat der Batterie ëmgeet. Ech ginn de Verdacht net lass, datt nieft der ugewisener Batterie nach eng zimmlech grouss elektresch Reserv do ass. Och wann d'Batterie laut Display eidel ass an den Auto am Wesentlechen op säi vum 2,0-Liter-Bensinnsmotor ugedriwwenen 150-kW-Generator zeréckgräift, sinn ëmmer erëm kuerz, erstaunlech kräfteg Leeschtungsopriff méiglech. Dat deit drop hin, datt de System bewosst eng substantiell Pufferkapazitéit zeréckhält, fir och bei nidderegem Batterieniveau nach déi gewalteg elektresch Leeschtung kuerzzäiteg kënnen ofzeruffen. Ob et elo 10 oder 20 Prozent sinn, kann ech net beleeën. Mee datt hei intelligent mat der Energie gehaushalt gëtt, ass däitlech ze spieren. An dat ass fir mech de richtege Luxus vun dësem Undriff: Net nëmme brutal Leeschtung, mee brutal Leeschtung, déi sech mat enger exzellenter Reechwäit kombinéiere léisst.

© Lotus

Alldag

Den Eletre X ass net nëmmen eng spektakulär Maschinn fir Alpenpäss. Hien ass och nach en exzellenten Alldagsauto. Vir ass immens vill Plaz, hannen och. Esouguer grouss Passagéier sëtzen hei bequeem op richtege komplette Sportsëtzer, ouni datt iergendeen d'Knéie bei d'Ouere muss zéien.

© Lotus

D'Atmosphär ass roueg, luxuriéis a gemittlech. Den Auto kann entspaant Kilometer friessen, ouni datt ee permanent un déi absurd Leeschtungsreserven erënnert gëtt. Dat ass vläicht seng gréisste Stäerkt: Hie kann déi zwou Welte wierklech.

Moies d'Kanner an d'Schoul, mëttes eng Autobunnsetapp, an owes e puer Spatzkéieren, bei deenen engem d'Grinsen net méi aus dem Gesiicht geet.

Deen eenzege klenge B-Moll ass de Kofferraumvolumen. Fir esou e risegen Auto ass d'Mall éischter bescheiden. Net onbrauchbar, mee bei de baussenzege Moosse géif ee sech e bësse méi erwaarden.

© Lotus

Fazit

Ech hu SUVen nach ëmmer net gär. Ze grouss, ze schwéier an dynamesch kompromettéiert. Gefierer, bei deenen dacks d'Gefill, iwwer de Saachen ze stoen, méi wichteg schéngt wéi dat, wat sech tëscht Pneuen an Asphalt ofspillt. Autoen, déi alles wëlle kënnen, mee fir mäi Goût ze vill Kompromësser maachen.

Den Eletre X huet meng Meenung net iwwer SUVen am Allgemenge geännert. Mee hien huet mech iwwerzeegt, datt et fuerdynamesch Ausname ginn.

Eng immens luxuriéis, extrem séier, erstaunlech praktesch Ausnam, déi sech op engem Alpenpass esou beweegt, wéi wann een zu Hethel d'Gesetzer vun der Physik nei verhandelt hätt.

Ass en ze grouss? Jo.
Ze schwéier? Absolut.
Huet en ze vill Leeschtung? Kann een driwwer diskutéieren.
Ass den Infotainment perfekt? Bei wäitem net.

Mee et ass ee vun deene ganz seelenen Autoen, bei deenen déi ganz technesch Verrécktheet net nëmmen um Pabeier funktionéiert, mee um Asphalt zu engem wierklech aussergewéinleche Fuererliefnis gëtt. Jo!

© Lotus

Back to Top
CIM LOGO