Automag - Am AlldagstestMazda CX-5

Akim Schmit
E geraimege Familljen-SUV, dee präislech attraktiv ass, woubäi den Infotainment awer manner Begeeschterung ausléist.

Mazda schéckt déi drëtt Generatioun vum CX-5 op eis Stroossen. De Familljen-SUV ass gewuess a gëtt et just nach mat engem Motor. Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp war domat ënnerwee a weess wat nei ass.

Automag: Mazda CX-5

Automag: Mazda CX-5
Den Akim Schmit hat den CX-5 am Alldagstest.

Virun allem ass en e gutt Stéck gewuess. Mat 4 Meter 69 ass den CX-5 elo ronn 12 Zentimeter méi laang wéi säi Virgänger. Beim Design ass Mazda senger Linn trei bliwwen, och wann d'Front an d'Luuchten nei gestalt goufen. Mat sengen Dimensioune kënnt den CX-5 dem méi deieren CX-60 mëttlerweil zimmlech no. Iwwerhaapt gëtt et ëmmer méi schwéier, déi verschidde Mazda-SUVen auserneen ze halen.

© Akim Schmit

A wéi gesäit et bannendran aus?

Do huet Mazda villes geännert. Den Interieur ass hell a geraimeg. D'Veraarbechtung ass gutt, och wann een op ville Plaze relativ haarde Plastik fënnt. Deen ass awer optesch gutt cachéiert.

© Akim Schmit

Manner gutt gefält mer, dass Mazda bal all déi klassesch Knäppercher gestrach huet a setzt elo op e groussen Touchscreen. Dat ass ëmsou méi erstaunlech, well aner Constructeuren op de Feedback vun hire Cliente gelauschtert hunn, an nees op richteg Knäppercher zeréckgräifen.
Dobäi kënnt, dass den Ecran zwar grouss ass, mee seng Fläch net optimal genotzt gëtt. En ass liicht vum Chauffer ewech gedréit, d‘Schaltfläche sinn deelweis winzeg an et muss een zimmlech wäit gräifen. Hei verschenkt Mazda Potential.

© Akim Schmit

Och d'Steierrad ass grouss geroden. Esouguer mat menge groussen Hänn hat ech Krämpes fir un d'Knäpperecher ze kommen. Et gëtt awer och Positives: besonnesch gutt huet mer d'Bose-Soundanlag mat hirem knackege Bass gefall.

Beim Undriff huet Mazda d'Auswiel staark reduzéiert?

Jo, et gëtt just nach en 2,5-Liter-Véierzylinder-Bensinner mat 141 Päerd an enger Sechsgang-Automatik. De Client kann awer nach tëscht Front- an Allradundriff wielen. E Mildhybrid-System ënnerstëtzt de Motor, reng elektresch fuere kann den CX-5 domat awer net.

© Akim Schmit

Opgefall ass mer, dass de Bensinner relativ haart ass wann e kal ass. Soubal en op Temperatur ass, gëtt en awer esou roueg a vibratiounsaarm, datt ee bal mengt, an engem Elektroauto ze sëtzen.

141 Päerd fir esou e groussen SUV – geet dat duer?

Um Pabeier kléngt dat net no vill, mee am Alldag geet d'Leeschtung duer. Den CX-5 ass keng Rennmaschinn a wëll och keng sinn. Wann een dat weess an entspriechend fiert, vermësst een eigentlech keng Leeschtung.

Vill méi positiv iwwerrascht huet mech awer de Fuerkomfort. Mazda-typesch léisst sech den CX-5 gutt fueren. Bei menge leschten Tester vum CX-60 an 80 hunn ech d'Fuerwierk ze haart fonnt, wat net ëmmer bei hire Charakter gepasst hat. Den neien CX-5 ass méi soft ginn, filtert Knubbele besser eraus an huet domat däitlech besser Manéiere.

© Akim Schmit

Beim Verbrauch gëtt et manner gutt Noriichten. Bei mengem Test louch ech tëscht 7,5 an 8 Liter op 100 Kilometer. Dat ass fir e modernen SUV mat Mildhybrid-Technik relativ vill a geet op Dauer an d'Geld.

© Akim Schmit

Däi Fazit?

Den neie Mazda CX-5 bitt vill Plaz, eng gutt Veraarbechtung an e Fuerkomfort, dee sech däitlech verbessert huet. D'Leeschtung geet am Alldag duer, och wann een dat bei 141 Päerd net onbedéngt erwaart. Kritik gëtt et fir d’Ergonomie an den héije Verbrauch.

© Akim Schmit
© Akim Schmit

Mat engem Startpräis vun 32.300 Euro fir d'Prime-Line zu Lëtzebuerg ass den CX-5 awer gënschteg fir en Auto vun där Gréisst. Wien e geraimegen, komfortabele Familljen-SUV sicht a mam Verbrauch liewe kann, kritt hei vill Auto fir säi Geld.

  • Gutt Plazverhältnisser
  • Verbesserte Fuerkomfort
  • Attraktive Präis
  • Héije Verbrauch
  • Ëmständlech Ergonomie
  • Vill haarde Plastik


Mazda CX-5 um Internet

Back to Top
CIM LOGO