Mat DS Automobiles si mir elo ënnerwee. Eng DS N°4 war an d’Automag-Redaktioun komm fir en Alldagstest, an de Christian Schmit huet déi dierfe beweegen.
Jo iwwer de Summer ware mir mat zwou Déessen ënnerwee, den N°8, an elo dann N°4. Do leeën d'Fransouse Wäert drop, an esou steet dat dann och hannen op der Mall ze liesen.

Den DS N°4, dat ass awer elo keen neie Modell, oder?
Neen e gouf liicht iwwerschafft, mee effektiv muss du schonn DS kennen, fir di Ënnerscheeder ze mierken.
Als do wären d'Calander vir, wou de Logo DS elo beliicht ass, an eng LED-Liichtsignatur, déi besonnesch nuets markant opfält.

Chic chic bausse wéi bannen, dat ass dat mannst wat ee ka soen. Besonnesch fir den Interieur gouf et vill Luef vun deenen déi matgefuer sinn. Definitiv Haute couture à la française, wat bal net méi ze gesinn ass, a scho guer net an der Mëttelklass. Esou war een am Alldag op gehëtzten oder belëfte Sëtzer ënnerwee.
Ganz bequeem, an absorbéieren zesumme mat der Fiederung och déi net esou gutt Passagen um Makadamm.

An och soss gëtt vill Luxus u Bord gebueden. En agreabelen Auto fir op d'Rees. Och wa wéinst der Batterie just 360 amplaz 430 Liter an d'Mall passen, fir en Tierchen un d'Küst goung dat och duer.

Wéi huet sech de Plug-In Hybrid dann esou geschloen?
Also do hätte mir elo eng 17kW-Batterie a mir sinn nobäi 80km domat reng elektresch komm. A fir opzelueden, leien an der Mall net just e Kabel, mee an enger Housse och e puer Händschen.
An och wou d’Batterie bis eidel war louch de Verbrauch nach zäitweis ënner 5 Liter. Woubäi ee wësse muss, dass iwwer 230 Spëtzt mam DS N°4 dra sinn, an 7,5 Sekonne vun 0 op 100. Jo esouguer bis iwwer 130 à l'heure kann ee reng elektresch fueren. Tëscht Eco, Confort a Sport kann e switchen, an et mierkt een och liicht Differenzen.

Wat huet den Testauto da kascht?
Also DS gehéiert zum Premium-Segment am Stellantis Grupp. Extravagant a luxuriéis wäre fir de Plug-In Hybrid DS dann och bal 49.000 Euro fälleg. Dofir dann awer och e ganz chicen Auto, deen net op all Eck steet, an deen als Hybrid, Diesel, Elektro oder eben och wéi bei eis als Plug-In Hybrid an d'Garage ka kommen.
Mat deem fiert dat gutt Gewësse mat, an nawell muss e sech nawell keng Gedanken maachen iwwer Infrastruktur an Durée beim Oplueden.
