A well de Business do jo gutt dréint ass et och hei e Mekka fir Luxus-Karossen a Sportsween. De Christian Schmit war mat engem Lëtzebuerger do ënnerwee, dee permanent tëscht dem Grand-Duché an den Emirater hin an hier pendelt. An dat ass de Sven Bodry, dee fir RAK Porcelaine do schafft. RAK steet och fir Ras al Khaimah. Et ass dee klengste vun den Emirater, eng Stonn nërdlech vun Dubai.