Deen ee geet, deen anere kënnt
Mam A110 R Ultime geet de rassege Sportler vun Alpine a seng Pensioun. Fir dës lescht Editioun goufen all Regëster aus dem Motorsport gezunn: De 4-Zylinder-Turbo gouf nach emol op 345 PS gepusht, d’Gewiicht radikal reduzéiert an d’Fuerwierk op maximal Leeschtung um Circuit ausgeluecht. Nëmmen 110 Unitéite gi gebaut, de Präis vun iwwer 250.000 Euro wäert Sammler awer net grouss drun hënneren, sech nach déi lescht “richteg” Alpine ze leeschten. Prett steet zwar net den direkten Nofollger, mee awer dee stäerkste Modell, deen et jee vun Alpine gouf; den A390 schléit mat 3 Elektromotoren a 400 respektiv 470 PS en neit Kapitel op. D’Kombinatioun aus Allrad an engem extrem dynameschem Fuerwierk versprécht héije Fuerspaass, ouni dat dat Praktescht verluer geet: de Sport Fastback bitt nämlech och nach Plaz fir eng kleng Famill.